Organspend

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Monument fir d'Organspender zu Naarden an Nord-Holland

Eng Organspend ass d'Ewéchhuelen vun engem oder méi Organer aus dem Kierper vun engem Mënsch, dee kuerz virdru gestuerwen ass, oder vun engem gesonde fräiwëllege Spender, deen nach lieft. Dat Organ gëtt dann an de Kierper vun enger anerer, lieweger Persoun transplantéiert. Geleefeg Organtransplantatioune betreffen d'Nieren, d'Häerz, d'Liewer, d'Bauchspäicheldrüs, d'Däerm, d'Longen, d'Schanken, an d'Haut. Dacks ginn d'Tissuspenden (Gewebespenden) (zum Beispill Hornhaut vum Aen) och zu den Organspende gezielt, obwuel et sech net ëm Organer handelt. Donieft gëtt et och nach Bluttspenden a Knachemuerchspenden (Bluttstammzellespenden).

Bestëmmt Organer kënne vu liewege Spender kommen, wéi d'Nier oder Deeler vun der Liewer, mee déi meescht Spende geschéien eréischt nom Doud vum Spender.

All d'Organer an Tissue ginn an enger Prozedur entholl, déi der Chirurgie gläicht, an all d'Incisiounen (Schnëtt) ginn no deem Agrëff nees zougemaach. An der Zäit virum Begriefnes soll net z'erkenne sinn, datt den Doudegen en Organspender war.

Persounen aus allen Altersklasse kënnen Organspender ginn. Den Alter vum Donateur ass manner wichteg wéi den Zoustand vum Organ, dat gespent gëtt. Dowéinst ginn trotzdem seelen Organer vu Leit iwwer 70 Joer benotzt.

Weltwäit ginn et Organspender, mee och Waardelëschten fir Leit, déi op en Organ waarden. Vill Patienten op esou Waardelëschten stierwen, well se net zur Zäit en Organ kréien. De 17. November 2016 zum Beispill stoungen eleng an den USA 119.905 Persounen op der Waardelëscht fir en Organ, dat hinnen d'Liewe kéint retten.[1]

Organspenden zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

An Europa ass Lëtzebuerg ee vun de Länner mat de mannsten Organspender. 2015 goufen et am ganze Land nëmmen dräi Organspender.[2] Domat war Lëtzebuerg engem Eurostat-Classement no op der leschter Plaz[3] a weltwäit op der sechstleschter Plaz.[4] Déi Zuel ass zënter 2011, wéi et nach 9 Spender gouf, ëm 25% zréckgaangen.[5]

2015 hu ronn 60 Leit am Groussherzogtum op en neit Organ gewaart.[6]

Vum Gesondheetsministère gëtt et en Organspenderpass, "Passeport de vie" genannt.[7] An dësem dréckt de Besëtzer seng Awëllegung aus, datt him am Fall vun engem stënterlechen Doud Organer ewechgeholl a gespent kënne ginn. Engem Porte-parole vum Ministère no gëtt et zu Lëtzebuerg d'Potential fir 10-15 Organspenden am Joer.[6]

Lëtzebuerg ass nieft der Belsch, Däitschland, Éisträich, Holland, Kroatien, Slowenien an Ungarn ee vun de Länner an deenen d'Organisatioun Eurotransplant aktiv ass, déi sech fir d'Promotioun vun der Organspend asetzt an d'Koordinatioun tëscht de Memberstaaten organiséiert.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. U.S. Department of Health & Human Services (gekuckt de 17. November 2016)
  2. lessentiel.lu: Luxemburg: Nur drei Organspenden 2015 (11. Oktober 2016)
  3. wort.lu: Les donneurs se font de plus en plus rares au Luxembourg (4. Abrëll 2016)
  4. wortl.lu: Organspende: „Das Gesetz wird nicht eingehalten“ (11. Oktober 2016)
  5. Joresbericht 2015 vun Eurotransplant (Säit 41)
  6. 6,0 6,1 lessentiel.lu: Luxemburg hat viel zu wenig Organspender (6. Juli 2015)
  7. Carte du donneur d'organes um Site vum Gesondheetsministère (gekuckt den 3. November 2016)