Origine (Hydrologie)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Als Origine gëtt an der Hydrographie oder Hydrologie déi Plaz bezeechent wou e Waasserlaf säin Ufank huet. An deem Sënn kann d'Origine no verschiddene Critèren definéiert sinn:

  1. De Waasserlaf entsteet aus enger Quell an huet och do seng administrativ Origine sou wéi se vun der Verwaltung vum respektive Land ugesi gëtt.
  2. De Waasserlaf entsteet aus dem Zesummelaf vun zwéin oder méi anere Wasserleef. An eem Fall gëtt déi Konfluenz als Origine ugesinn.
  3. De Waasserlaf ensteet aus ganz ville Grief. An deem Fall kritt dee leschte Gruef an der Rei dee mat den aneren zesummen eng bestëmmt Fläch drainéiert [1] eng Origine zougewisen.
  4. Et gouf mol fréier eng Quell déi awer aus urbanistesche Grënn oder wéinst industrielle Konstruktiounen oder aneren Infrastrukture verschwonnen ass. An deem Fall leet d'Waasserverwaltung vum Land eng Plaz fest vun där un de Waasserlaf seng administrativ Origine huet. Dat ass z. B. de Fall bei der Uelzecht

Notten[Quelltext änneren]

  1. Déi Fläch ass net iwwerall d'selwecht definéiert. An der Belsch ass dofir z. B. eng Fläch vun 100 Hektar d'Norm