Griichesch-orthodox Kierch Weiler zum Tuerm

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Déi Griichesch Orthodox Kierch zu Weiler-la-Tour. Dee giele Fändel mam Aadler mat duebelem Kapp ass dee vun der griichesch-orthodoxer Kierch. (Dezember 2011).
Schëld nieft der Haaptentrée vun der Kierch.

D'Griichesch-orthodox Kierch zu Weiler zum Tuerm, offiziell Église orthodoxe de Saint-Nicolas, ass déi eenzeg griichesch-orthodox Kierch zu Lëtzebuerg. Si ass am byzantinesche Stil gebaut an ass dem hellegen Niklos geweit.

2007 gouf fir d'éischt e Gottesdéngscht an der Kierch gefeiert, et war en Te Deum bei Geleeënheet vum Lëtzebuerger Nationalfeierdag.[1] 2008 gouf d'Kierch vum Metropolit Panteleimon konsekréiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Paschtouer Jean Nicolas Schmit (1905-1999) hat de Bauerenhaff vu sengen Elteren, zesumme mam Terrain an der rue du Schlammestee deen dozou gehéiert, der griichesch-orthodoxer Communautéit geschenkt, dat op de Rot hi vum Mathias Schiltz, dem deemolege Generalvikar vum Äerzbistum Lëtzebuerg. Zur Erënnerung un dëse Geste gouf d'Kierch dem hellegen Niklos geweit.[2]

2004 gouf mam Bau vun der Kierch ugefaangen, an de 17. Juni 2007 gouf deen éischte Gottesdéngscht, dat bei Geleeënheet vum Lëtzebuerger Nationalfeierdag, an der neier Kierch gefeiert. Den 18. Oktober 2008, gouf d'Kierch vum Metropolit Panteleimon vun der Belsch konsekréiert.[3]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Schmitz, A.-A., 2011. Mathias Schiltz wurde gestern Morgen in Weiler-la-Tour geehrt. Ein Freund der griechisch-orthodoxen Kirche. Luxemburger Wort vum 12. Dezember 2011, S. 15.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Griichesch-orthodox Kierch Weiler zum Tuerm – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Cf. archivéiert Säit vun aartsbisdom.be
  2. Och den hellege Matthäus (Mathias) kënnt an der Kierch zu Éieren: op der Billerwand vun der Kierch hänken zwou Ikone vun him. (Cf. LW vum 12. Dez. 2011).
  3. Fir den Historique cf. Luxemburger Wort vum 12. Dezembre 2011, S. 15.