Op den Inhalt sprangen

Orthohantavirus

Vu Wikipedia
Dëse Medezinsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Gattung Orthohantavirus begräift Virussen, fréier „Hantavirussen“ genannt, déi zu der Famill vun den Hantaviridae gehéieren, vun deenen den Hantaan-Virus am geféierlechsten ze si schéngt. Dëst sinn eenzelstrangeg RNA-Vire mat enger negativer Polaritéit, déi zur Grupp V vun der Baltimore-Klassifikatioun gehéieren.

D'Mënsche sinn zoufälleg Wierte vun dëse Virussen (ee vun de méigleche Mamendéier-Wierten). Den Déierewiert ass e Knabberdéier, deem seng Aart jee no Regioun vun der Welt variéiert. Sou sinn z. B. d'Apodemus spp. de Wiert vum Hantaan-Virus an dem Dobrava-Belgrad-Virus a Korea, China an um Balkan, iwwerdeems d'Wullmaus aus der Gattung Clethrionomys de Wiert vum Puumala-Virus a Skandinavien, am Commonwealth an a China ass.

An hirem Erregerreservoir verursaache se normalerweis eng asymptomatesch, zéi Infektioun iwwerdeems se beim Mënsch awer zwou Krankheete verursaachen:

  • Am Mäerz 2020 ass a China e Mann an engem Bus gestuerwen a positiv op Orthohantavirus getest ginn;
  • am Abrëll 2021 goufen am franséische Jura siwe Fäll gemellt;
  • am Februar 2025 ass zu Santa Fe, am US-Bundesstaat New Mexico, dem Schauspiller Gene Hackman seng Fra un engem Hantavirus-Longesyndrom gestuerwen.

2026 – MV Hondius

[änneren | Quelltext änneren]

Den 3. Mee 2026 huet d'Weltgesondheetsorganisatioun dräi Doudesfäll gemellt, déi mat engem méiglechen Ausbroch vum Anden-Hantavirus verbonne wieren. Den Ausbroch vun dësem akuten Ootmungssyndrom war u Bord vun der MV Hondius, engem Croisièresschëff am Atlantik, dat vun Ushuaia an Argentinien op de Cap Vert ënnerwee war.

Et gëtt fënnef confirméiert Fäll an dräi Verdachtsfäll(Stand: 08.05.2026). Dräi vun den Infizéierte si gestuerwen. E brittesche Passagéier deen infizéiert gouf, ass op der Intensivstatioun zu Johannesbuerg an e Schwäizer Passagéier am Universitéitsspidol vun Zürich behandelt ginn. Zwéi Crewmembere mat Symptomer an en däitsche Passagéier, deen a Kontakt mat enger verstuerwener Persoun war, goufe vum kapverdianesche Fluchhafen an Holland geflunn; dovu sinn zwéi Patiente vun der Lëtzebuerger Air Rescue ausgeflu ginn[1]. Den däitsche Passagéier gouf duerno an d'Universitéitsspidol vun Düsseldorf bruecht.

 Commons: Orthohantavirus – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (lb) President vun der Air Rescue René Closter: "Op der Plaz war Chaos, totale Chaos". 100komma7.lu (07.05.2026). Gekuckt den 08.05.2026.
  • Quell vum Artikel: Extraiten iwwersat aus den Artikelen vun der de., fr. an en.wiki