Oscar Stumper

Vu Wikipedia
Oscar Stumper
Gebuer 8. Juli 1891
Gréiwemaacher
Gestuerwen 28. Juli 1960
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Philosoph, Philolog, Lycéesprofesser
Famill
Papp Jean Pierre Stumper
Geschwëster Robert Stumper

De Jules Joseph Oscar Stumper (Julius Joseph Oskar Stümper), gebuer den 8. Juli 1891 zu Gréiwemaacher a gestuerwen den 28. Juli 1960 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Philolog, Philosoph a Lycéesprofesser.

Den Oscar Stumper huet zu Lëtzebuerg (Cours supérieurs), Lille, Leipzig, Bonn a Paräis studéiert an 1914 säin Doktorat (Spezialitéit: Philosophie a Griichesch) zu Lëtzebuerg gemaach. No sengem Stage-Examen am Juli 1916 ass hie Repetent, an am August 1917 Professer am Stater Kolléisch ginn, wou hie bis zu senger Pensioun am Juli 1956 geschafft huet. Hie war och Professer um Cours, wou hie Logik, Psychologie an d'Geschicht vun der Philosophie enseignéiert huet.

Am Zweete Weltkrich war den Oscar Stumper vum Nazi-Okkupant an Däitschland versat ginn.

Den Oscar Stumper huet Artikelen an nationalen an internationalen Zäitschrëfte publizéiert. Hien ass besonnesch bekannt als den Auteur vum Buch “Questions et exercices de logique formelle” (1. Oplo 1953, 2. Oplo 1959).

Hie war “membre correspondant” vun der “Section des sciences” vum Institut grand-ducal vun 1950 un.

Hien ass de Fils vum Jean Pierre Stumper an de Brudder vom Robert Stumper.

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Doudesannonce vum Oscar Stumper am Luxemburger Wort vum 1. August 1960 gekuckt den 2. August 2022