Ostchinesescht Mier

Vu Wikipedia
Lag vum Ostchineesesche Mier
Satelittefoto vum Ostchineesesche Mier (2004/NASA). Déi brongelzeg Flecken um Mier komme vum Sedimentgestengs dat vun de grousse chineesesche Flëss an d'Mier gespullt gëtt

D'Ostchinesescht Mier ass e Niewemier vum Pazifik a läit tëscht China, Nordkorea, Südkorea, Japan an Taiwan. Den nërdlechsten Deel, d'Gielt Mier trennt d'koreanesch Hallefinsel vum chineesesche Festland. D'Ostchinesescht Mier breet sech iwwer ronn 1 249 000 km² aus.

Zanter datt an den 1980er Joer bewise konnt ginn, datt ënner dem Mieresbuedem grouss Pëtrols- a Gasfelder ze fanne sinn, behaapt sech d'Volleksrepublik China drop datt d'Gebitt vum Ostchineesesche Mier eng natierlech Verlängerung vum Kontinentalsockel ass an domat der chineesescher Souverainitéit ënnersteet. De Grenzkonflikt mat Japan ëm d'Mier ass zanterhier net op en Enn komm. D'Ostchinesescht Mier ass vu grousser strategescher Bedeitung fir China. Engersäits wéinst senge natierleche Ressource, anerersäits ass d'Mier sou eppes wéi d'Haaptentréesdir fir d'Pëtrolstanker aus dem Mëttleren Oste Richtung ostasiatesche Marché.

A China heescht d'Mier Ostmier, a Korea gëtt dogéint vum Südmier geschwat.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: East China Sea – Biller, Videoen oder Audiodateien