Op den Inhalt sprangen

Ostjerusalem

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Asien ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Ostjerusalem
Land Palestina
Vewaltungseenheet Westjordanland
Awunner 236.000
  2021
Héicht 760 m
Koordinaten 31°48'N, 35°11'O
Telefonszon 02

Ostjerusalem oder Ost-Jerusalem ass deen Deel vu Jerusalem, dee vum Palestinakrich 1948 bis zu senger Eruewerung vun Israel am Krich vu Sechs Deeg 1967 vu Jordanie besat war.

Statut vun der Stad

[änneren | Quelltext änneren]

Israeelesch Siicht

[änneren | Quelltext änneren]

Aus israeelescher Siicht ass Ostjerusalem elo en Deel vum vereente Jerusalem, inklusiv den Deeler vum Westjordanland, déi Israel als en Deel vum stättesche Gebitt vu Jerusalem erkläert huet.

D'Gebitt, dat am Krich vu Sechs Deeg vun 1967 eruewert gouf gouf an duerno – op Grond vum Jerusalemgesetz vun 1980 – annektéiert gouf, gëtt vun der internationaler Gemeinschaft net unerkannt, gradewéi déi fréier Annexioun vun Ostjerusalem duerch Jordanien am Joer 1950 net unerkannt gouf.

Den UN-Sécherheetsrot huet verschidde Resolutioune gestëmmt, an deenen d'Annexioun oder hir Preparatioun verurteelt goufen. Am Joer 2024 huet den Internationale Geriichtshaff d'israeelesch Besetzung vun Ostjerusalem, inklusiv de Siidlungen als widderspréchlech zum internationale Recht erkläert an Israel opgefuerdert, dës Besetzung op en Enn ze bréngen.

Palestinensesch Siicht

[änneren | Quelltext änneren]

Aus palestinensescher Siicht ass Ostjerusalem, oder fir verschidde palestinensesch Organisatiounen, ganz Jerusalem, d'Haaptstad vun engem zukünftege palestinensesche Staat. Am Joer 2017 huet d'Organisatioun fir islamesch Kooperatioun (Organisation de coopération islamique, OCI) Ostjerusalem als Haaptstad vu Palestina unerkannt.

Ostjerusalem begräift d'Alstad vu Jerusalem an d'Distrikter am Osten, dorënner den Uelegbierg. Ostjerusalem ass d'Heemecht vun enger Rëtsch vun den hellegste Plaze vum Juddentum, Chrëschtentum a vum Islam. Dozou zielen ë. a. d'Klomauer (déi westlech Mauer vum Tempel), den Tempelbierg mam Fielsendoum an der al-Aqsa-Moschee, an d'Kierch vum hellege Graf.

Et gëtt keng offiziell Awunnerzuele fir Ostjerusalem; Schätzunge gi vun 236.000 israeelesche Siidler aus (Stand 2021)[1][2].

Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]

Bekannt Leit vun Ostjerusalem (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]
 Commons: Ostjerusalem – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
  2. (en) Israel (8. Juli 2025). Gekuckt de 15. Juli 2025.