Op den Inhalt sprangen

Ostrakoden

Vu Wikipedia
Muschelkriibsen
Ostrakoden

Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Arthropoda
Ënnerstamm: Kriibsen
Crustacea
Wëssenschaftlechen Numm
Ostracoda
Latreille, 1802
Anatomie vun Cypridina mediterranea
Muschelkriibs

D'Muschelkriibsen oder Ostrakoden (Ostracoda) si kleng Kriibsen, déi tëscht 0,2 a maximal 30 mm grouss sinn; déi meescht dovun tëscht 0,5 an 2 mm. Si kommen an allen aquatesche Liewensraim vir, vum Mier iwwer Brakwaasser, d'Flëss, d'Séien, d'Quelle bis hin zu klenge Pill op der Wiss, och d'Grondwaasser a mat eenzelen Aarten, souguer hallef-aquatesch Liewensraim. Nëmmen an de Gewässer vun den Héichmouere feelen se, well et do kee Kallek gëtt an de pH-Wäert ze niddreg ass.

D'Muschelkriibse si Glidderféisser (Arthropoda) aus dem Ënnerstamm vun de Kriibsen (Crustacea), Klass Ostracoda[1] (vum Algriicheschen ostrakon "Schierbel (aus Keramik)“). Den Numm "Muschelkriibsen" geet op déi zwou Schuelen aus Calciumcarbonat zréck, déi e Carapax forméieren, deen de mëlle Kierper schützt an ewéi eng Muschel ausgesäit.

Et gëtt hautdesdaags op der Äerd geschaten 10.000 bis 15.000 Aarte vun Ostrakoden, déi meescht liewen an de Mierer a just eng 2.420 am Séisswaasser a Brakwaasser[2]. Fossil si se zanter dem Alpaläozoikum bekannt. Vu fréier an haut zesumme goufe bis ewell eng 65.000 Aarte beschriwwen, vun deenen der awer wéinst Synonymie just eng 33.000 gëlteg sinn.[3]

Déi meeschten Aarte vun de Muschelkriibse beweege sech andeems s'iwwer de Buedem vu Gewässer krauchen oder glëtschen. Eng Rëtsch Arte kënnen awer och fräi am Waasser schwammen. Si erniere sech vun ofgestuerwene Reschter vu Planzen oder Déieren, déi bis op de Buedem erofkomm sinn, a suergen, andeems se duerch de Bulli wullen, fir eng Mineralisatioun vum Detritus. Doduerch spillen se dann och eng wichteg Roll am Ekosystem vun de Gewässer.

D'Muschelkriibse sinn ëmmer getrenntgeschlechtlech. Vill Séisswaasserarte planze sech duerch Parthenogenees fort, dat heescht datt d'Populatiounen an deem Fall nëmmen aus Weibercher bestinn, déi Eeër leeën aus deenen erëm nëmme Weibercher schlüpfen. Dëst huet de Virdeel, dass sech aus engem eenzegen Ee, dat duerch z. B. e Villchen iwwer eng grouss Distanz anzwousch anescht hibruecht gouf, eng nei Populatioun entwéckele kann. Sou ass z'erklären, datt z. B. d'Aart Ilyocypris getica[4] an engem anthropogen entstanene Gewässer virkënnt.[5] D'Eeër ginn eenzel oder a klenge Kluddere fräi an d'Waasser geluecht. Si sinn ausseruerdentlech resistent: duerch eng duebel Hüll geschützt kënnen s'iwwerliewen, och wann d'Gewässer zäitweileg ausdréchent oder zoufréiert. Dacks iwwerliewen s'och de Passage duerch den Daarm vu Fësch oder Vigel.

  • G. W. Müller: Die Ostracoden des Golfes von Neapel und der angrenzenden Meeres-Abschnitte. (= Fauna u. Flora des Golfes von Neapel. Band 21). Berlin 1894. (PDF)
  • G.W. Müller: Deutschlands Süßwasser-Ostracoden. In: Zoologica. Heft 30, Stuttgart 1900, S. 1–112, 21 Tafeln.
  • G. W. Müller: Ostracoda. In: F. E. Schulze: Das Tierreich. 31. Lieferung, Berlin 1912. (PDF)
  • W. Klie: Ostracoda, Muschelkrebse. – In: F. DAHL (Hrsg.): Die Tierwelt Deutschlands und der angrenzenden Meeresteile nach ihren Merkmalen und ihrer Lebensweise. Band 34 (3), Jena 1938, S. 1–320.
  • G. Hartmann: Ostracoda. In: H.-E. Gruner (Hrsg.): Dr. H.G. Bronns Klassen und Ordnungen des Tierreichs. Band 5: Arthropoda. Abt. 1: Crustacea. Buch 2, Tl. 4, Lfg. 1, Geest & Portig, Leipzig 1966, S. 1–216, Abb. 1–121.
  • K. J. Müller: Hesslandona unisulcata. sp. nov. with phosphatised appendages from Upper Cambrian 'Orsten' of Sweden. In: R. H. E. Robinson, L. M. Sheppard (Hrsg.): Fossil and Recent Ostracods. Ellis Horwood, Chichester 1982, S. 276–304.
  • Zum Ober-Bathonium (Mittlerer Jura) im Raum Hildesheim, Nordwestdeutschland – Mega- und Mikropaläontologie, Biostratigraphie. In: Geologisches Jahrbuch. Reihe A Heft 121. Hannover 1990, S. 73–118.
  • H. I. Griffiths: European Quaternary Freshwater Ostracoda: a Biostratigraphic and Palaeobiogeographic Primer. In: Scopolia. Heft 34, Ljubljana 1995, S. 1–168.
  • C. Meisch: Freshwater Ostracoda of Western and Central Europe. In: Süßwasserfauna von Mitteleuropa. 8/3. Spektrum Akademischer Verlag, 2000, ISBN 3-8274-1001-0. (Irland, Grousssbritannien, nërdlechen Deel vu Frankräich, Beneluxlänner, Däitschland, Schwäiz, Eisträich, Ungarn, Tschechien a Slowakei)
  • L. E. Park, R. D. Ricketts: Evolutionary history of the Ostracoda and the origin of nonmarine faunas. In: L. E. Park, A. J. Smith (Hrsg.): Bridging the Gap. Trends in the Ostracode Biological and Geological Sciences. In: The Paleontological Society Papers. Band 9, Tulsa/Okla 2003. ISSN 1089-3326
  • R. Fuhrmann: Atlas quartärer und rezenter Ostrakoden Mitteldeutschlands. In: Altenburger naturwissenschaftliche Forschungen. Heft 15, Altenburg 2012, S. 1–320, 142 Tafeln. .
  • C. Meisch, R.J. Smith & K. Martens, 2024. An updated subjective global checklist of the extant non-marine Ostracoda (Crustacea). European Journal of Taxonomy 974: 1–144.
 Commons: Ostracoda – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. [ Die Klasse der Ostracoda. Fauna Europeae Database.]
  2. Meisch et al. 2024
  3. D. J. Horne, A. Cohen, K. Martens: Taxonomy, Morphology and Biology of Quaternary and Living Ostracoda. In: J. A. Holmes, A. R. Chivas (Hrsg.): The Ostracoda: Applications in Quaternary Research. (= Geophysical Monograph Series. 131). American Geophysical Union, Washington/DC 2002, ISBN 0-87590-990-6, S. 5–36.
  4. Ilyocypris getica
  5. C. Meisch, R. Fuhrmann, K. Wouters: Ilyocypris getica Masi, 1906 (Crustacea, Ostracoda): Taxonomy, Ecology, Life History, Distribution, Fossil Occurence and First Record for Germany. In: Travaux scientifiques du Musée national d’histoire naturelle de Luxembourg. Band 23, Luxembourg 1996, S. 3–28