Otto I. (HRR)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Otto I. („Thevconicor(um) REX“) an enger Handschrëft vum Otto vu Freising senger Weltchronik, ëm 1200.

Den Otto I., de Groussen, gebuer den 23. November 912 a gestuerwen de 7. Mee 973 zu Memleben, war vun 936 un Herzog vu Sachsen a Réimesch-däitsche Kinnek vum Ostfrankeräich (regnum francorum orientalium), vun 951 u Kinnek vun Italien a vun 962 u réimesch-däitsche Keeser.

An der éischter Hallschecht vu senger laanger Regierungszäit huet den Otto duerchgesat, datt säi Kinnekräich net gedeelt kéint ginn, an datt hien eleng decidéiere kéint, wie wat fir Ämter kréich. Domat huet hien den Adel géint sech opbruecht, och bannent senger Famill selwer, an et koum zu Opstänn (z. B. duerch dem Otto säi Brudder Heinrich a säi Jong Liudolf), déi den Otto awer ermëlzt huet.

955 huet den Otto d'Schluecht um Lechfeld géint d'Ungarn gewonnen, a sou d'Invasioune vun do op en Enn bruecht. Datselwecht Joer huet hien och géint d'Slawe gewonnen, wat him den Nimbus vum Retter vun der Chrëschtenheet abruecht huet.

961 huet hien d'Kinnekräich Italien eruewert a säi Land no Norden, Osten a bis a Süditalien ausgebreet, wou e mat Byzanz a Konflikt geroden ass. Hien huet dem Karel de Grousse seng Iddi vum Keesertum nees opgegraff a sech 962 vum Poopst Johannes XII. zu Roum zum Keeser kréine gelooss. Schlussendlech ass en och mam byzantinesche Keeser eens ginn an huet säi Jong, den Otto II., mat deem senger Niess Theophanu bestuet.

968 huet den Otto zu Magdeburg en Äerzbistum grënne gelooss, wat fir hien eng wichteg Viraussetzung vun der Christianiséierung vun de Slawe war.

Den Titel "de Groussen" huet sech spéitstens zanter dem mëttelalterlechen Historiograph Otto vu Freising fest etabléiert.