Overlord (Manga)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Qsicon Ueberarbeiten.png Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediacritèrë fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.
Overlord(Manga)
Land Flag of Japan.svg Japan
Sprooch Japanesch, Englesch
Erauskomm 26.11.2014
Text Satoshi Ōshio
Zeechnungen Hugin Miyama

Den Overlord Manga baséiert sech op d’Light novel Serie mam selwechten Numm, vum Auteur Kugane Maruyama. D’Light Novel, déi säit 2010 verëffentlecht gëtt, huet duerch hire grousse Succès eng eegen Manga Adaptatioun kritt. Dësen Manga gëtt vum Satoshi Ōshio geschriwwen an vum Hugin Miyama gemoolt. En gëtt säit dem 26. November 2014 am Manga Magasinn Comp Ace vun Kadokawa Shoten erausbruecht[1]. Den Manga, wei och d’Light Novel sinn an Nord Amerika vun Yen Press lizenzéiert an sinn do säit dem 8. November 2016 op Englesch am Handel. An den 3 Joer säit dem Start vum Manga, sinn insgesamt 10 Volummen Verëffentlecht ginn, den leschten um 26. Juli 2018. Den vun Yen Press an Nord Amerika lizenzéierten Manga, kennt op Englesch mat enger Verzögerung vun bis zu 1 Joer. Et handelt sech bei der Geschicht em den Dark Fantasy Genre, bei deem déi däischter an beängschtegend Aspekter vun dem Fantasteschen gebraucht ginn.


Handlung[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 2126 ass den DMMO-RPG (Dive Massively Multiplayer Online Role Playing Game) YGGDRASIL verëffentlecht ginn. Duerch den Spiller hiren héijen Afloss op d’Spill huet dëst 12 Joer laang een héijen Succès genoss. Et sollen awer elo no dëser laanger Zäit d’Serveren erofgefuer ginn. An dësem Spill existéiert eng Gild mat Numm « Ainz Ooal Gown », déi eng kéier aus 41 Memberen bestanen huet an zu engen vun den stäerksten am Spill gehéiert huet. Vun den 41 originalen Memberen spillen nëmmen nach 4 aktiv, ënnert anerem een Elder Lich, den Momonga den Gildmeeschter. Hien waart als eenzegen vun der Gild op den Shut-down vun den Serveren, an gesäit an, dass seng Kollegen hirem Aarbechtsliewen Prioritéit ginn. Den Timer leeft of an den Momonga befënnt sech ëmmer nach am Spill. En plus gesäit et aus, wéi wann YGGDRASIL als eegen Realitéit géif existéieren an den Momonga an dëser Welt an sengem Spill-Avatar gefaangen wier. Ëmginn vun den NPCs, déi sech Mënschenähnlech verhalen, wat am Spill onméiglech war, probéiert den Momonga Spiller Funktiounen, wéi z.B. sech auszeloggen. An dëser Welt gestrandet well en wëssen, ob en den eenzegen ass, deen an der neier Welt ass. En hëlt den bekannten Numm Ainz Ool Gown un, an wärend d’Sécherheet vun senger Gild Nazarick ze garantéieren probéiert en erauszefannen wat passéiert ass. Ouni Frënn, Famill oder Plaz an der Gesellschaft, probéiert dësen Mann am Kierper vun engem Avatar, Mathëllef vun den elo liewegen NPCs d’Welt ze iwwerhuelen.


Wuert Erklärung[änneren | Quelltext änneren]

NPC[änneren | Quelltext änneren]

Am Spill YGGDRASIL gëtt et eng héich Upassungsfäegkeet, d’Ausgesinn vun allen Avataren wei och NPCs ass den Spiller iwwerlooss. Am Spill war et méiglech NPCs eegen Geschichten an Charakteren zouzeschreiwen, och wann dëst duerch d’KI begrenzt war, well NPCs konnten zum Beispill nëmmen gespäichert Sätz soen oder Handlungen maachen. An der neier Welt ukomm, sinn d’NPCs capabel komplett frei ze schwätzen sech ze beweegen an ze denken, hier Charakteren sinn awer identesch mat deenen di vun den Spiller festgeluecht goufen. Si nennen den Ainz „Supreme Being“, an denken, dass hien immens intelligent an onfeelbar ass.

Floor Guardians:[änneren | Quelltext änneren]

D’Stack Gardienen, oder Floor Guardians (階層守護者 Kaisō Gādian) sinn 8 NPCs déi als Gardienen fonctionnéieren. Si gehéieren zu den stäerksten Existenzen an Nazarick, verschiddener sinn souguer méi staark wie den Ainz. Nodeems si an di nei Welt komm sinn, sinn si lieweg ginn, mat hiren Personalitéiten op hiren Hannergeschichten opgebaut. Si hunn een groussen Afloss iwwer Nazarick, well si de Chef vun hirem respektivem Stack sinn. Si sinn trotzdeem komplett loyal zum Ainz bliwwen.

Great Tomb of Nazarick[änneren | Quelltext änneren]

D’Grousst Graf vun Nazarick (ナザリック地下大墳墓 Nazarikku Chika Dai Funbo), normalerweis Nazarick genannt, ass d’Gildgebäi vun Ainz Ool Gown (アインズ・ウール・ゴウン Ainzu Ūru Goun) an YGGDRASIL. D’Gild déi PK bedriwwen huet ass zwar oft ugegraff ginn, et huet awer ni een et fäerdeg bruecht den ganzen Gildkomplex anzehuelen. Nazarick ass eng ënnerierdesch Nekropolis, déi 10 Stäck an Déift geet. All Stack existéiert separat vun den aneren an huet säin eegent Thema, wei z.B.: Lava, Djungel, Séi oder Katakomben. Nodeems Nazarick mat dem Ainz an den NPCs an déi nei Welt transportéiert ginn ass, war déi eicht Prioritéit d’Basis ze verstäerken an Informatiounen vun dobaussen ze kréien. NPC’en déi lieweg ginn sinn an hier eegen Personalitéiten hunn verstinn seng Preparatiounen falsch an mengen hien hätt wëlles d’Welt ze beherrschen. Den Ainz deen ze spéit reagéiert huet keng aner Wahl méi wei matzespillen.


Charakter-Lëscht[änneren | Quelltext änneren]

Ainz Ool Gown: (アインズ・ウール・ゴウン Ainzu Ūru Goun)[änneren | Quelltext änneren]

Den Protagonist an den eenzegen hannerbliwwenen Member vun der Gild Ainz Ool Gown. An der richteger Welt war hien een einfachen Salarié deen een VR online Spill spillt, awer an der neier Welt decidéiert hien säin Numm bekannt ze maachen fir seng Kollegen ze fannen. Fir dës Sich méi einfach ze maachen, ännert hien säin Numm vun Momonga (モモンガ)op Ainz Ool Gown. Een vun sengen Kommentaren ass mëssverstanen ginn als Wonsch d’Welt ze beherrschen, hien wiisst awer an seng Roll als Herrscher eran an decidéiert een Kinnekräich ze grënnen, an deem Mënschen an Net-Mënschen gläich behandelt ginn. Hien huet de Kierper vun engem „Lich“, engem Skelett an muss net iessen oder schlofen, kann net vergëft oder un Alter stierwen, säin Kierper ënnerdréckt awer och seng Emotiounen an Empathie. Wéinst sengem héijen Level an YGGDRASIL kann hien an der neier Welt all aner Magier ouni Problem besiegen. Hien decidéiert sech als Schwäertkämpfer an enger ganzer Rüstung ze verkleeden, well d’Kraaft vun sengem Kierper méi wei genuch ass fir sech em di meescht Geigneren ze këmmeren. Donieft besetzt hien nach Géigestänn déi hien zur Zäit vum Spill mat richtegem Geld kaaft huet an him weider Virdeeler ginn. Wann hien als Aventurier an der neier Welt reest, nennt hien sech „Momon“ an gëtt spéider „Momon den schwaarzen Held“ genannt.

Albedo (アルベド Arubedo)[änneren | Quelltext änneren]

Albedo ass den Surveillant vun den Stack Gardienen. Hat huet d’Form vun enger schéiner Fra, an engem wäissen Kleed, mat schwaarzen Flilleken um Réck an Haren um Kapp. Säin schéint an léift Ausgesinn verstoppt seng däischter Personalitéit. An senger Hannergeschicht war hat original als Houer beschriwwen, den Ainz huet awer virum Shut-Down vum Server aus Witz geschriwwen, hat hätt hien gären. An der neier Welt als Konsequenz ass hat déif an hien verléift an mécht Avancen oder forcéiert sech op hien. D’Albedo kann Mënschen net ausstoen an gesäit se als niddreg Liewensformen. Hat huet en plus een Haass op di aner 40 Memberen vun Ainz Ool Gown, well di hat an di aner NPCs verlooss hunn. Am Kampf huet hat eng donkel Rüstung mat Numm Hermes Trismegistus un, déi all physeschen Schued ofwiert an kämpft mat enger Hellebarde.

Shalltear Bloodfallen (シャルティア・ブラッドフォールン Sharutia Buraddofōren)[änneren | Quelltext änneren]

D’Shalltear Bloodfallen ass den Gardien vum éischten, zweeten an drëtten Stack. Hat huet den Kierper vun engem Vampir Meedchen, ass awer vun der Perséinlechkeet Pervers, wat hat an d’Albedo zu Ausernanersetzungen bréngt. Hat ass praktesch gekuckt den stäerksten Floor Guardian, seng Stäerken sinn Nokampf an Kampf mat Magie. Duerch een tëschenfall wou hat eng Gehirwäsch krut vun der Slade Theocracy huet hat sech ongewollt géint Nazarick rebelléiert. Den Ainz huet hat dunn an engem Eenkampf besiegt an spéider erëmbeliewt

Demiurge (デミウルゴス Demiurugosu)[änneren | Quelltext änneren]

Den Demiurge ass den Gardien vum siwenten Stack. Hien huet d’Form vun engem Dämon am Costume, mat engem Brëll an engem Schwanz. Hien ass een vun den intelligentsten an béisten NPCs an Nazarick, deen keng Moral huet an virun näischt zeréckschreckt. Et gëtt een Manktem un Kommunikatioun tëschent him an dem Ainz, well hien gleeft säin Meeschter kéint all seng Intentiounen erroden. An der neier Welt huet en eng zweet ëffentlech Identitéit, genannt Jaldabaoth (ヤルダバオト Yarudabaoto ), di benotzt gëtt fir d’Interessen vun Nazarick duerchzesetzen an als Feindbild ze déngen.

Cocytus (コキュートス Kokyūtosu)[änneren | Quelltext änneren]

De Cocytus ass den Gardien vum fënneften Stack vun Nazarick. Hien ass een grousst humanoid Insekt, mat véier Ärem an der Kraaft vun Cryokinesis. Hien benotzt eng grouss Zuel vun Nokampfwaffen, Schwäerter, Speerer, Hellebarden an sou wieder. Hien huet den Geescht vun engem Kämpfer, een nobelt behuelen an Respekt fir aner Kämpfer. Hien ass also responsabel fir d’Securitéit innerhalb vun Nazarick.

Aura Bella Fiora (アウラ・ベラ・フィオーラ Aura Bera Fiōra)[änneren | Quelltext änneren]

D’Aura ass een vun den zwee Gardienen vum sechsten Stack an Nazarick mat sengem Zwillingsbrudder, dem Mare. Hat ass een jonken Däischter-Elf deen sech wei een Jong undeet an als Kontrast zu sengem Brudder energetesch an extrovertéiert ass. Hat gëtt gutt mam Shalltear eens, och wann se sech heiansdo an den Hoer hunn, wat d’Verhältnis tëschent hiren Designer zeréckspigelt. Hat kämpft mat enger Peitsch an kann Monsteren beschwieren di mat him kämpfen. Den Ainz behandelt hat an säin Brudder wie wann se seng Kanner wieren.

Mare Bello Fiore (マーレ・ベロ・フィオーレ Māre Bero Fiōre)[änneren | Quelltext änneren]

Den Mare ass mat senger Zwilingsschwëster den Gardienen vum sechsten Stack vun Nazarick. Hien ass een jonken Däischter-Elf deen sech wie een Meedchen undeet. Hien ass charakterlech zeréckhalend, Schei an roueg an gëtt konstant vun senger Schwëster ronderëm kommandéiert. Hien kann wann et muss sinn awer och kämpfen, seng Spezialisatioun ass druidesch Magie, hien kann Buedem befeelegen. Den Ainz behandelt hien an seng Schwëster wie wann se seng Kanner wieren.

Victum (ヴィクティム Vuikutimu)[änneren | Quelltext änneren]

De Victim ass de Gardien vum aachten Stack vun Nazarick. Hien gesäit aus wie een 1 Meter laangen, rosaen Foetus, mat Hellegeschäin an klengen Äscht ähnlechen Flilleken. Hien schwätzt eng onverständlech Sproch, d’Sproch vun den Engelen, Enochesch. Duerch een Mageschen Effekt, gëtt wat hien probéiert ze soen awer verständlech eriwwer bruecht. Hien ass di lescht Defense vun Nazarick, mat senger eenzegen Fäegkeet di een Instant-kill self-destruct ass, hien also sech an eng spezifesch aner Persoun zerstéiert. Hien ass trotz senger Funktioun bescheiden, an gleeft säin Liewenssënn wier et Ainz Ool Gown ze déngen.

Garagantua (ガルガンチュア Garuganchua)[änneren | Quelltext änneren]

De Gargantua ass de Gardien vum véierten Stack. Et handelt sech em een Steen-Golem deen iwwer 30 Meter héich ass. Am Verglach mat den aneren NPCs ass hien net een kreéierten NPC, huet also keng eegen Personalitéit oder freie Wellen an der Neier Welt. De Gargantua ass statistesch gesinn den stäerksten Floor Guardian, awer Duerch seng limitéiert Intelligenz an seng Ofhängegkeet op Befeeler, fält seng stäerkt.


Statistik[änneren | Quelltext änneren]

Den 1. August 2015 haten d’Light-Novel an den Manga an Japan 1 Millioun Exemplaren an zirkulatioun. Den 20. August 2015, gouf et an Japan iwwer 1,5 Milliounen Kopien vun der Overlord Light-Novel an dem Manga[2]. Den 18. September 2015, haten den Overlord Manga an d’Light-Novel iwwer 2 Milliounen Exemplarn[3]. D’Light-Novel op déi sech de Manga opbaut, war am Joer 2015 déi meescht verkaaften Light-Novel vum Joer[4]. Säit Abrëll 2018, hunn d’Light-Novel an den Manga zesummen iwwer 7 Milliounen Exemplaren.[5]

Nummer original Verëffentlechung original ISBN englesch Verëffentlechung englesch ISBN
1 26. Juni 2015 978-4-04-103071-4 28. Juni 2016 978-0-316-27227-8
2 25. Juli 2015 978-4-04-103072-1 27. September 2016 978-0-316-39766-7
3 26. Dezember 2015 978-4-04-103857-4 13. Dezember 2016 978-0-316-43425-6
4 25. Juni 2016 978-4-04-104399-8 31. Oktober 2017 978-0-316-47643-0
5 26. August 2016 978-4-04-104400-1 23. Januar 2018 978-0-316-51724-9[6]
6 26. Dezember 2016 978-4-04-104679-1 17. Abrëll 2018 978-0-316-51727-0[7]
7 24. Mee 2017 978-4-04-105764-3 24. Juli 2018 978-1-9753-5335-3[8]
8 26. Dezember 2017 978-4-04-106389-7 13. November 2018 978-1-9753-2813-9[9]
9 26. Abrell 2018 978-4-04-106390-3 19. Februar 2019 978-1-9753-8284-1[10]
10 26. Juli 2018 978-4-04-107168-7 21. Mee 2019 978-1-9753-5739-9[11]


Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. https://www.animenewsnetwork.com/news/2014-10-25/over-lord-fantasy-rpg-light-novels-gets-manga/.80296
  2. https://www.animenewsnetwork.com/news/2018-05-16/oxt-myth-roid-perform-songs-for-overlord-iii-anime-season/.131620
  3. https://twitter.com/over_lord_anime/status/644897632121319424?ref_src=twsrc^tfw
  4. https://www.crunchyroll.com/anime-news/2016/01/02/top-selling-light-novel-series-of-2015-announced
  5. https://www.animenewsnetwork.com/news/2018-05-07/roundup-of-newly-revealed-print-counts-for-manga-light-novel-series/.130972
  6. http://www.b2c.hachettebookgroup.com/titles/kugane-maruyama/overlord-vol-5-manga/9780316517249/?yen
  7. http://www.b2c.hachettebookgroup.com/titles/kugane-maruyama/overlord-vol-6-manga/9780316517270/?yen
  8. http://www.b2c.hachettebookgroup.com/titles/none/overlord-vol-7-manga/9781975353353/?yen
  9. http://www.b2c.hachettebookgroup.com/titles/none/overlord-vol-8-manga/9781975328139/?yen
  10. http://www.b2c.hachettebookgroup.com/titles/none/overlord-vol-9-manga/9781975382841/?yen
  11. http://www.b2c.hachettebookgroup.com/titles/none/overlord-vol-10-manga/9781975357399/?yen