Owens Valley Radio Observatory

Vu Wikipedia

Den Owens Valley Radio Observatory (OVRO) ass en Observatoire fir Radioastronomie a Kalifornien.

Den OVRO ass eng Ariichtung vum California Institute of Technology a steet bei Bishop ëstlech vun der Sierra Nevada, ongeféier 400 km nërdlech vu Los Angeles op 1.222 m Héicht.

Déi wichtegst Radioteleskope vum OVRO sinn:

  • E Millimeter-Interferometer mat sechs Antenne vu jee 10,4 m Duerchmiesser. Dat Instrument ass 2005 als Deel vum CARMA op eng aner Plaz verluecht ginn.
  • Zwéi Radioteleskope mat 40 m a 5,5 m Antennenduerchmiesser fir Ënnersich vun der kosmescher Hannergrondstralung.
  • En Interferometer mat zwéi Teleskope vu 27 m Duerchmiesser an dräi Antenne vun 2 m Duerchmiesser fir Radioobservatioune vun der Sonn.
  • En Teleskop mat 25 m Duerchmiesser ass en Deel vum Very Long Baseline Array deen iwwer d'USA verdeelt ass.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]