P+R Bouillon

Vu Wikipedia
P+R Bouillon
De P+R Bouillon (2019)
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Stad Lëtzebuerg
Adress rue de Bouillon
Koordinaten 49° 35’ 59,16’’ N
      6° 06’ 25,5’’ E
Datum vum Bau 2003
Proprietär Stad Lëtzebuerg

De P+R Bouillon (Park-and-ride Bouillon) ass eng Parkplaz an e Parkhaus am Quartier Hollerech vun der Stad. Nom Konzept vum Park-and-ride ass et geduecht fir säi Gefier do stoen ze loossen a mam ëffentlechen Transport bis an den Zentrum vun der Stad ze fueren.

Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

De Parking ass den 1. Juli 1989 opgaangen, mat deemools 400 Parkplazen tëscht der Rue de Bouillon an dem Wupp vun der Escher Autobunn. D'Käschte fir d'Amenagement vun der Plaz hu 5 Millioune Frang kascht[1]. Deemools ass eng speziell Buslinn agefouert ginn, déi all zéng Minutten tëscht mueres 7 an owes 7 an d'Montereys-Avenue an zeréckgefuer ass.

Well ëmmer méi Leit vum Parking profitéiert hunn, ass en no an no e puermol vergréissert ginn, bis de Gemengerot am Juli 2001 decidéiert huet fir zousätzlech e Parkhaus mat 2 603 Plazen ze realiséieren. D'Parkhaus ass 190 Meter laang, 50 Meter breet an 20 Meter héich. D'Gebai besteet aus siwe Stäck op deenen e puer Butteker an Toiletten sinn. De Bau huet 1,3 Milliarde Frang kascht[2]. De 14. Abrëll 2003 ass den éischten Deel vum Parkhaus opgaangen. Enn 2003 waren d'Bauaarbechte ganz fäerdeg.

Uganks konnt ee gratis um Bouillon parken. Well awer ëmmer erëm Autoen iwwer eng méi laang Zäit do ofgestallt goufen, wat net zum Park-and-Ride Konzept passt, kann een zanter dem 4. Mäerz 2013 just nach wärend engem Dag (24 Stonnen) gratis parken, duerno kascht et 10 Euro den Dag.

Vum P+R Bouillon huet een hautdesdaags Verbindunge mat de Buslinnen 1, 12, 15, 17, 24 an CN1 ënner anerem an d'Uewerstad, op d'Gare an op d'Cloche d'or.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Nadine Schartz, Mit der Zeitung zur Arbeit - Von 400 auf 2 442 Stellplätze: Park & Ride Bouillon in Hollerich besteht seit genau 30 Jahren am Luxemburger Wort vum 29./30. Juni 2019, S. 39

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: P+R Bouillon – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. cf Nadine Schartz an der Literatur; ëmgerechent 124.000 Euro
  2. cf Nadine Schartz an der Literatur; ëmgerechent 32,23 Milliounen Euro