Pão de Açúcar

Vu Wikipedia
D'Seelbunn op den Zockerhutt

Den Zockerhutt (portugisesch Pão de Açúcar; wiertlech „Brout aus Zocker“) ass en 396 m héije Granitfiels, dee géi no uewe steet, an deen op der Halefinsel Urca an der Guanabara-Bucht läit. E gëllt nieft dem Corcovado mat senger Christusstatu Cristo Redentor als ee vun de Kennzeeche vu Rio de Janeiro. Säin Numm kënnt dohier, well seng Form e Glach huet mat engem Zockerhutt.

Zanter bal 100 Joer kënnt ee mat enger Seelbunn op den Zockerhutt erop (se gëtt O Bondinho genannt). De 27. Oktober 1912 gouf deen éischten Deel vum Trajet bis op de Morro da Urca a Betrib geholl, ee Joer drop deen Zweeten, dee bis uewen op d'Spëtzt geet.

Nërdlech vum Zockerhutt ass d'Guanabara-Bucht mat de Quartiere Botafogo a Flamengo. Südlech a westlech sinn d'Plagë Praia Vermelha, Leme a Copacabana.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Koordinaten: 22° 56’ 56’’ S 43° 09’ 25’’ W


Commons: Pão de Açúcar (Rio de Janeiro) – Biller, Videoen oder Audiodateien