Pärel (Uertschaft)
Ausgesinn
Pärel | |
---|---|
![]() Den 385th Bomb Group Monument op der Plaz bei der Kierch | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Perlé de: Perl |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Réiden |
Gemeng |
![]() |
Buergermeeschter | Toni Rodesch (CSV) |
Awunner | 918 |
1. Januar 2023 | |
Héicht | 484 m |
Koordinaten |
49° 48’ 43’’ N 05° 45’ 52’’ O |
![]() |

Pärel ass eng Uertschaft an der Gemeng Rammerech.
Fréier Gemeng Pärel
[änneren | Quelltext änneren]Bis zur Gemengefusioun zur neier Gemeng Rammerech am Joer 1978, war Pärel eng eegestänneg Gemeng[1].
Uertschaften a Lieu-diten an der fréierer Gemeng
[änneren | Quelltext änneren]- Uertschaften an der fréierer Gemeng:[2]
- Holz
- Pärel
- Roumecht
- Uewermaartel
- Wolwen
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Pärel läit am Weste vu Lëtzebuerg op der belscher Grenz, um Schnëttpunkt vum CR311A an CR312. Den CR312 geet op der Grenz op déi belsch N805 iwwer, déi no gutt 800 m op d'Nationale 4 stéisst.
Nopeschuertschafte vu Pärel si Wolwen am Norden an Holz am Südosten.
Tëscht Pärel a Rouspert ass mat 57 km déi gréisst West-Ost-Breet vum Lëtzebuerger Land.
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- De 385th Bomb Group-Musée
- Kierch Pärel mat de 14 Nouthëllefer aus der Wolwener Klaus
Veräiner
[änneren | Quelltext änneren]- Club des Jeunes Pärel
- FC les Ardoisiers
- Päreler Musek (St. Lambert)
- Päreler Pompjeeën.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Pärel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Gemeng Rammerech
- Websäit vun de Frënn vum 385th Bomb Group-Musée zu Pärel
- Websäit vum Club des Jeunes
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (fr)Loi du 27 juillet 1978 portant fusion des communes de Arsdorf, Bigonville, Folschette et Perlé. legilux.public.lu (27.07.1978). Gekuckt de(n) 03.04.2023.
- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.