Péis

Vu Wikipedia

D'Péis oder och Pous ass d'Klack, déi gelaut gëtt fir z'annoncéieren, datt e Mënsch aus der kathoulescher Gemeinschaft vun der Uertschaft gestuerwen ass. Gewéinlech gëtt se nom Angelus gelaut. Se kann awer och beim Begriefnes gelaut ginn.[1]

Se kann ofhängeg vun de Paren a verschiddene Variatioune gelaut ginn. Zu Iechternach war/ass et Brauch, datt fir Fraen zwou Péise gelaut ginn a fir d'Maansleit der dräi. Kleng Kanner kréie keng, déi méi grouss kréien eng Péis gelaut. Zu Bënzelt gouf/gëtt se fir e Mann dräimol getampt (gepénkt) an dräimol gelaut mat den zwou Klacken, fir eng Fra zweemol getampt an zweemol gelaut mat den zwou Klacken, fir e Kand, egal wéi al et ass, eng Kéier getampt an eng Kéier gelaut, nëmmen all Kéier mat der klenger Klack.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Péis – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Wörterbuch