Péitruss

Vu Wikipedia
Dës Säit beschäftegt sech mat der Baach Péitruss. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Péitruss (Homonymie).
Péitruss
D'Péitruss op der Helfenter Bréck
An anere Sproochen fr: Pétrusse
de: Petruss
Längt 12,7 km
Hydrographesche
Baseng
Rhäin
Originn
Originn Quell
Plaz Dippecherbësch
Gemeng Dippech
Héicht 345 m
Koordinaten 49° 35’ 53’’ N
      05° 59’ 34.9’’ O
Konfluenz
Leeft an d'Uelzecht
Plaz Gronn
Héicht 245 m
Koordinaten 49° 36’ 27.1’’ N
      06° 08’ 14.4’’ O
Haaptnieweflëss Grouf, Aalbaach, Zéissenger Baach.
Geographie
Land Lëtzebuerg
Uertschaften Bartreng, Märel, Hollerech, Gronn
D'Péitruss ënner der Aler Bréck

D'Péitruss ass eng Baach an de Gemenge Stad Lëtzebuerg, Bartreng an Dippech. Si huet hir Quell am Dippecherbësch op enger Héicht vun 345 Meter a leeft vu do un no Osten fir am Gronn op enger Héicht vun 245 m an d'Uelzecht ze lafen.

Si ass 12.7 km laang an hir Niewebaache sinn d'Grouf, d'Albaach an d'Zéissenger Baach.

Den Numm kënnt vum laténgesche Wuert petrosus[1], wat op déi vill Steng (Lat.: petra[2] = Fiels, Steen) hiweist, déi viraals am Laf vun der Péitruss (rivus petrosus[3] an alen Dokumenter) ze fanne waren.

Bei der Administration de la gestion de l'eau huet d'Péitruss de Code N° 555.

De Péitrussdall an der Stad[änneren | Quelltext änneren]

Op hirem Wee duerch d'Stad leeft si duerch deen no hir genannte Péitrussdall, deen d'Uewerstad vum Garer Quartier trennt. Iwwerspaant gëtt dësen Dall vun zwou Brécken, der Aler Bréck an der Neier Bréck. Allgemeng gëtt deen als Park ugeluechte Péitrussdall „an der Péitruss“ genannt.

Vun Hollerech u fléisst d'Péitruss zanter 1933 an engem kënschtleche Bett, dat sou gebaut ass datt bei Nidderegwaasser just e Kullang mat Waasser gefëllt ass a bei Héichwaasser dat ganzt Bett. Beim Ofhuele vum Waasserspigel bleiwe keng Sedimenter leien, mä alles fléisst zeréck an de Mëttelkullang a gëtt mat weidergeholl.

Nieft dem Flossbett sinn nach Reschter vun der sougenannter Bourbons-Schleis[4] ze gesinn, déi 1728 gebaut gouf, fir den Dall iwwerschwemmen ze kënnen, am Fall wou d'Stad ugegraff géif.

Zanter enger Rei vu Joren hu Pläng bestanen, fir eng 20 Milliounen Euro d'Bett ze renaturéieren an d'Uwänner mat de Weeër nei unzeleeën[5]. De Projet vun enger Renaturéierung gouf den 8. Juli 2019 vum Stater Gemengerot ugeholl.

Dës Pläng gesi vir, d'Aarbechten an zwou Phasen ze maachen[6]:

  1. Déi éischt Phas, vun der Tilleschgaass bis bei d'Bourbons-Schleis soll Enn 2019 ufänken a bis 2025 fir d'Gaardenausstellung LUGA 2025 fäerdeg sinn. De previsionnele Budget läit bei 25,91 Milliounen Euro;
  2. D'Aarbechte vun der zweeter Phas, vun der Bourbons-Schleis bis bei d'Antwerpenerstrooss sollen nom Enn vun der LUGA, am Joer 2025 ufänken. De Budget fir dës Phas läit bei 14,99 Milliounen Euro.

Am Péitrussdall gouf 2016 de Skatepark Péitruss amenagéiert. Tëscht 2014 an 2020 ass en Zichelchen, d'Péitrussbunn, do gefuer.

Fotoen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Péitruss – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Cf. https://en.wiktionary.org/wiki/petrosus
  2. Cf. https://en.wiktionary.org/wiki/petra
  3. Cf. S. 10 in: https://onsstad.vdl.lu/fileadmin/uploads/flippingbook/ons_stad_38-1991_0-34.pdf
  4. Eng Postkaart den Dag: Interessant Foto (ca. 1904) vun engem onbekannten Amateurfotograf op en Deel vum Péitrussdall, mat enger nach net kanaliséierter Péitruss an de Ruine vun der Bourbonschleis am Hannergrond. Gekuckt de(n) 17.08.2020.
  5. Max Lemmer: "Die Petruss soll wieder natürlich werden". Luxemburger Wort Nr.303, 28. Dezember 2016, S.20.
  6. Réaménagement écologique de la Vallée de la Pétrusse mat PDF Dokument op vdl.lu, gekuckt den 8. Juli 2019