Op den Inhalt sprangen

P80 (Dreifwierk)

Vu Wikipedia

D'P80 oder och P80 FW ass e Feststoffrakéitendreifwierk an der éischter Stuf vun der Vega-Rakéit vun der Europäescher Weltraumorganisatioun ESA. D'Vega ass (Stand 2015) déi leeschtungsstäerkst a gréisst Feststoffrakéit vun der Welt.

Am Joer 2005 gouf mat der Entwécklung vum P80 an engem kollektive Projet vun der Europäescher Weltraumorganisatioun, dem Centre national d'études spatiales an der Agenzia Spaziale Italiana ugefaangen. Den italieenesche Fabrikant vun Dreifwierker an Turbinnen, Avio, gouf fir de Projet erausgesicht. Schonn Enn 2006 hunn déi éischt Tester vum Dreifwierk am Centre Spatial Guyanais ugefaangen, den éischte Fluch war den 13. Februar 2012.

Technesch Daten

[änneren | Quelltext änneren]
P80 FW[1]
Héicht11,71 m / 12,50 m mat Stufenadapter / 10,50 m Motorgehais mat Stuf
Duerchmiesser3,00 m
Startgewiicht95.916 kg
Eidelt Gewiicht7.408 kg
Dreifstoffgewiicht88.365 kg
Schub2.100 kN Duerchschnëtt / 2.296 kN Startschub
2.502 kN maximal op Miereshéicht / 2.980 kN maximal am Vakuum
Brennzäit114,3 s
DreifstoffHTPB 1912
Spezifischen Impuls2.745 m/s
Totalimpuls240.740 kNs
Brennkummerdrock9.500 kPa
DüsExpansiounsverhältnes: 16
Basisduerchmiesser: 0,47 m
Düsenduerchmiesser: 1,87 m
Gewiicht: 2.249 kg

Weiderentwécklung

[änneren | Quelltext änneren]

Eng Versioun P120 mat besserer Leeschtung gëtt fir d'Vega C, d'Vega E wéi och fir d'Boostere vun der Ariane 6 entwéckelt.

Portal Astronomie

  1. D'Vega: Déi jéngst europäesch Drorakéit vum Bernd Leitenberger, S.30