Op den Inhalt sprangen

POQUITO

Vu Wikipedia

De POQUITO (Akronym vu PocketQube for In-Orbit Technology Operations - "Täsche-Küb fir technologesch Operatiounen am Orbit") ass en Nano-Satellit, dee vun der Space Systems Engineering (SpaSys) Ekipp vum Interdisciplinary Centre for Security, Reliability and Trust (SnT) op der Uni Lëtzebuerg entwéckelt gouf an deen de 14. Januar 2025 mat enger SpaceX Falcon 9 Rakéit an de Weltall geschoss gouf.[1]

De POQUITO huet eng Säitelängt vu just 5 cm, a gouf entwéckelt, fir wärend ongeféier 3 Joer de Fonctionnement vun ultra-miniaturiséierten Technologien am Weltall z'erprouwen. D'Kommunikatioun leeft iwwer eng UHF (Ultra High Frequencies) Funkverbindung mat der Basisstatioun vum SnT um Kierchbierg.[1]

De Satellit gëtt mat Hëllef vun engem AlbaPod PocketQube deployer vun den Alba Orbital's rideshare services[1] op eng sonnesynchron Ëmlafbunn op eng Héicht vu 525 km gesat.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 3 "University of Luxembourg’s first satellite successfully launched on SpaceX Falcon 9." Presse-Communiqué op uni.lu, 15. Januar 2025. (en)