Wikipedia:PR-1mil

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) PR-1mil)

Eng Millioun Wikipedia Artikelen[Quelltext änneren]

20. September, 2004 (Lëtzebuerg):

D'Wikipedia Foundation huet haut d'Kreatioun vum engmilliounsten Artikel op der Wikipedia, hirem Projet fir eng fräi Enzyklopedie verkënnegt (http://lb.wikipedia.org ). Wikipedia ass eng vu Fräiwëllegen erstellten, méisproocheg Enzyklopedie, déi am Januar 2001 ugefaange ginn ass. Zur Zäit ginn an iwwer 100 Sproochen aktiv Artikele geschriwwen ; domat ass et de gréissten and am séierste wuessenden open-content Projet op der Welt. Ongeféier 2500 nei Artikele ginn all Dag dobäi gesat, an zéng mol méi existeierend Artikelen ginn op den neiste Stand bruecht.

Am Laf vum leschte Joer ass Wikipedia virun allem an den net-englesche Sprooche gewuess, en Zeeche vun dem Projet senger zouhuelender Méisproochegkeet. Vun den iwwer 100 verschiddene Sproocheversiounen, sinn et der 14 déi am Moment méi wéi 10.000 Artikelen hunn: (Englesch (http://en.wikipedia.org ): 339,000, Däitsch (http://de.wikipedia.org ): 135.000, Japanesch (http://ja.wikipedia.org ): 69,000, Franséisch (http://fr.wikipedia.org ): 50.000, Schweedesch (http://sv.wikipedia.org ): 39,000, Polnesch (http://pl.wikipedia.org ): 37.000, Hollännesch (http://nl.wikipedia.org ): 35,000, Spuenesch (http://es.wikipedia.org ): 28.000, Italiéinesch (http://it.wikipedia.org ): 23,000, Dänesch (http://da.wikipedia.org ): 21.000, Esperanto (http://eo.wikipedia.org ): 15,000, Portugisesch (http://pt.wikipedia.org ): 14.000, Chineesesch (http://zh.wikipedia.org ): 13,000, and Hebräesch (http://he.wikipedia.org ): 10.000).

De Grënner vu Wikipedia, den Jimmy Wales, kommentéiert datt de Succès vu Wikipedia un der Presenz vun engem staarke Kär vu gutt informéierten a sproochgewanten Auteuren aus der ganzer Welt läit. Zesummen hale si un der Communautéit hire Wäerter: Héiflechkeet, Zivilitéit an Neutralitéit. De Mechanismus fir déi héich Qualitéit vun den Artikelen z'erhalen erkläert hien sou: D'Participanten halen en A op der Säit vun de "Rezenten Ännerungen". Déi ganzen Zäit verbesseren an editéiere si hir Aarbecht géigesäiteg. Souguer Artikelen iwwer kontrovers Sujete kënnen op déi Aart a Weis behandelt ginn. Déi offiziell Adoptioun vun der Reegel vum Neutralitéitsstandpunkt (NPOV policy) war an dësem Zesummenhang entscheedend.

No enger Etüd vun Alexa.com (http://www.alexa.com ) ass Wikipedia ass hautdesdaags ee vun den zéng am meeschten benotzte Referenzsiten um Internet.

Dem Projet seng Popularitéit ass dëst Joer unerkannt ginn, souwuel mam Prix Ars Electronica for Digital Communities wéi mat engem Webby Award for Community (http://meta.wikimedia.org/wiki/Trophy_box ).

Wikipedia gëtt ëmmer méi benotzt als eng Resource vu Studenten, Journalisten, an jiddwerengem deen e Point de départ brauch fir um Internet Saachen nozesichen. Als Zousaz zu méi traditionellen enzyklopedesche Sujeten ass Wikipedia an der Lag fir séier op aktuell Evenementer ze reagéieren and Informatiounen ze brénge sou bal et geschitt ass. Wéinst der Neutralitéitsreegel kann ee soen datt Wikipedia vläicht souguer méi no un der Wourecht ass wéi verschidden aner Medien.

Dat huet en héije Wäert fir Educatiounsbesoinen, wou Proffen a Studenten um leschte Stand musse sinn. Well et quasi keng Limitatioune a puncto Plaz gëtt, probéiert Wikipedia och verschidde Funktioune vu méi spezialiséierten Enzyklopedien z'iwwerhuelen. Am Géigesaz zu enger Pabeiersenzyklopedie kann d'Wikipedia sech et leeschte fir souwuel Artikelen iwwer méi elementar a méi fortgeschrueden Aspekter vun engem Sujet ze hunn.

Modern Enzyklopedien a gedréckter Form musse Plaz maache fir nei Sujeten, wat dacks op d'Käschte vu méi eeleren Theme geet. Dat betrëfft virun allem d'Wëssenschaft an déi nei Technologien. Op Wikipedia kann dat méi ausgeglach gespäichert ginn, wat dozou féiert datt Wikipedia méi geschichtlech Referenze kann uginn.

Wikipedia leeft duerch e wiki Software Typ dee MediaWiki genannt gëtt, an et all Mënsch erlaabt, zu jiddwer Zäit eng Säit z'änneren an d'Ännerungen direkt kënnen ze gesinn (wiki heescht 'séier' op hawaiianesch). D'Participante schaffen sou zesummen, andeems een deem anere seng Ännerunge benotze kann, an natierlech ëmmer andeems si d'Neutralitéit respektéieren. Wa Feeler opdauche kënnen déi direkt vun engem anere Participant verbessert ginn.

All Wikimedia Content gëtt ënner der GNU Free Documentation License (http://www.gnu.org/copyleft/fdl.html#SEC1 ) (GFDL) publizéiert, wat all Participant erlaabt, engem anere seng Aarbecht ze verbesseren a Saachen zum Thema bäizedroen, no engem Prinzip deen als copyleft bekannt ass. Dës Lizenz erlaabt et och, de Contenu vu Wikipedia weiderzeverbreeden, soulaang de Contenu op der neier Plaz och ënner der GFDL steet. D'MediaWiki Software ass geneesou fräi ze kréien, ënner enger änlecher Lizenz speziell fir Software.

Nieft Wikipedia ënnerstetzt d'Wikimedia Foundation (http://www.wikimediafoundation.org ) nach eng Partie aner multisproocheg Duechterprojeten: Wiktionary (en Dictionnaire an Thesaurus op wiktionary.org), Wikiquote, (eng Sammlung vun Zitater op wikiquote.org), Wikibooks, (eng Sammlung vun e-books, notamment fir Studenten op wikibooks.org), a Wikisource (Texter a Bicher aus dem Domaine public op wikisource.org). Zanter der Grënnung vun der Wikimedia Foundation konnten iwwer US$50,000 gesammelt gi fir dës Projeten z'ënnerstetzen. Méi Informatiounen zu den Donatioune fannt dir ënner http://www.wikimediafoundation.org/fundraising.

Well all Dag Ännerunge virgeholl ginn, ass et quasi onméiglech ze soe wou Wikipedia an d'Duechterprojeten an engem Joer stoe wäerten. Wat awer sécher ass, ass datt duerch d'GNU Lizenzen de Contenu an d'Software duerch déi Wikipedia funktionéiere kann, fräi bleiwen.