PSO J318.5-22

Vu Wikipedia
De PSO J318.5-22

De PSO J318.5-22 ass en Exoplanéit, dee kee Stär ëmkreest an doduerch e sougenannte kosmesche Vagabund ass. Seng Mass ass ronn sechsmol méi grouss wéi déi vum Planéit Jupiter. De Planéit gehéiert zu der Beta-Pictoris-Beweegungsgrupp an ass ronn 80 Liichtjoer vun der Äerd ewech. Den Alter vum Gasris gëtt op 12 Millioune Joer geschat. Well seng Mooswäerter net vun engem alles dominéierenden Zentralstär behënnert ginn, hoffen d'Wëssenschaftler ganz nei Erkenntnesser iwwer d'Genesis an d'Entwécklung vu jupiterähnleche Planéiten am Allgemeng an iwwer planetar Vagabunden am Speziellen.

De Planéit gouf 2013 bei de Koordinaten 21h 14m 8s (Rektaszensioun) an 22° 51' 36" (Deklinatioun) mat engem Pan-STARRS-Teleskop entdeckt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie Bekannt oder méiglech kosmesch Vagabunden:

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]