PSR B1620-26c

Vu Wikipedia

De PSR B1620-26 b (a populärwëssenschaftlechen Artikelen och PSR B1620-26 c) ass en Exoplanéit, deen ëm de Pulsar PSR B1620-26 am Kugelstärekoup Messier 4 kreest. Hien ass ronn 12.400 Liichtjoer vun eis ewech a läit am Stärebild Scorpius. Den Exoplanéit ass zudeem den eelste bis elo bekannten Exoplanéit, well ugeholl gëtt, datt hie ronn 12,7 Milliarde Joer al ass.[1]

D'System PSR B1620-26[änneren | Quelltext änneren]

De PSR B1620-26 b kreest ëm en Duebelstäresystem. Den ee Stär ass e Pulsar an Neutronestär. Deen zweeten ass e wäissen Zwerg mat enger Mass vun zirka 0,34 Sonnemassen. Béid Stären ëmkreese sech op enger Distanz vu ronn 1 AE, mat enger Ëmlafperiod vu ronn engem hallwe Joer. De PSR B1620-26 b huet ongeféier eng 2,5-fach Jupitermass an zitt op enger Distanz vu knapps 23 AE seng Bunn ëm déi béid Zentralkierper. Fir en Ëmlaf brauch hie ronn 100 Joer. Wéinst der grousser Mass ass et sécher, datt et e Gasplanéit ass.

D'Lag vum PSR B1620-26 System.

D'Dräifachsystem dréint eppes baussenzeg vum M4-Zentrum. Den Alter vum Stärekoup gouf op 12,7 Milliarde Joer gerechent. Well all Stären an engem Koup meeschtens zu der selwechter Zäit mat hire Planéiten zesummen entstinn, ass et warscheinlech, datt och den Exoplanéit ongeféier deen Alter huet. D'System ass vill méi al wéi all aner bekannt Planéiten, an ongeféier dräimol sou al wéi eis Äerd.

D'Entdeckung vum PSR B1620-26 b[änneren | Quelltext änneren]

Wéi och bei bal all den anere bis elo entdeckten extrasolare Planéiten, gouf de PSR B1620-26 b och duerch d'Dopplerverrécklunge entdeckt, déi de Planéit beim Zentralstär ausléist. An de fréien 1990er Joren hat sech eng Grupp vun Astronomen ënner der Leedung vum Donald Backer mat den observéierten Dopplerverrécklunge beschäftegt. Fir déi z'erkläre gouf ugeholl, datt en drëtte Kierper an deem System wier. A wéinege Joer gouf de gravitativen Afloss vum Planéit op déi béid Zentralkierper gemooss, wouraus d'Mass vum Planéit berechent konnt ginn. Déi berechent Mass war awer ze kleng, fir e weidere Stär unzehuelen. De Stephen Thorsett a säin Team hunn 1993 d'Entdeckung vum Exoplanéit publizéiert.

Kënschtleresch Duerstellung vum PSR B1620-26 b mat Bléck op den Duebelstär

Duerch déi genee Observatioun vun den Ëmlafbunne konnt zudeem d'Mass vum wäissen Zwerg geschat ginn, wouraus sech Theorien erginn haten, déi ugeholl hunn, datt de wäissen Zwerg relativ jonk a gliddeg ass. Den 10. Juli 2003 konnt mat Hubble-Fotoe gewise ginn, datt déi virausgesot Eegenschafte vum wäissen Zwerg richteg waren.

Evolutiounsgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Urspronk vum Planéit ass ëmmer nach onsécher, awer méiglecherweis ass hien net do entstanen, wou hie sech haut ophält. Well d'Gravitatiounskraaft tëscht Stär a Planéit ofhëlt, wann de Kär vum Stär zu engem Neutronestär kollabéiert an de Groussdeel vu senger Mass an de Weltraum erausschleidert gëtt, ass et onwarscheinlech, datt e Planéit no sou engem Evenement nach op enger stabiler Bunn ass. Et ass éischter sou, datt de Planéit sech an der Ëmlafbunn ëm den haitege wäissen Zwerg entwéckelt hat, an uschléissend vum Neutronestär agefaange gouf.

D'Entwécklung vum PSR B1620-26-System.

An der Scheif vun der Mëllechstrooss kënnt et net dacks zu noe Rendez-vouse vu Stären. An den dichte Kärregioune vu Kugelstärekéip geschitt dat awer méi dacks. Zu engem Zäitpunkt an de leschten 10 Milliarde Joer hat sech warscheinlech den Neutronestär un dëse System erubeweegt, woubäi hien den haitege wäissen Zwerg agefaangen hat. Méiglecherweis hat hie bei deem Prozess och e fréiere Begleetstär verluer. Virun enger hallwer Milliard Joer hat sech den nei agefaangene Stär zu engem roude Ris opgeblosen.

Typesch Pulsarperiode vu jonke Pulsare leien an der Gréisst vu Sekonnen. Déi extreem kuerzperiodesch Pulsaren am Millisekonneberäich entstinn duerch Materialtransfer vun engem Begleetstär. D'Pulsatiounsperiod vum PSR B1620-26 läit bei e puer Millisekonnen, wat e staarken Hiwäis fir Materialtransfer vun engem Begleeder ass. Et gëtt ugeholl, datt zum Zäitpunkt, op deem de Begleetstär sech zu engem roude Ris opgeblosen huet, hien d'Roche-Grenz iwwerschratt hat, an et sou zu engem Materialaustausch koum.

Well zugläich och den Dréimoment op déi untreffend Matière iwwerdroe gouf, war d'Matière sou gliddeg ginn, datt si am Röntgenberäich gestraalt huet.

De Materialaustausch war fäerdeg, wéi de Stär dee seng Mass ofginn huet, keng Uewerflächeschichte méi hat, an de Kär lues zu engem wäissen Zwerg zesummegefall ass. Zanter deem Ament ëmkreese sech béid Objeten.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Eelste bekannte Planéit