Paco de Lucía

Vu Wikipedia
Paco de Lucía
Gebuertsnumm Francisco Gustavo Sánchez Gómez
Gebuer 21. Dezember 1947
Algeciras
Gestuerwen 25. Februar 2014
Playa del Carmen
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Spuenien
Aktivitéit Gittarist, Komponist, Jazzmuseker, Jazzgittarist, Klassesche Gittarist, Filmkomponist, Discographesche Kënschtler
Famill
Papp Antonio Sánchez Pecino
Geschwëster Ramón de Algeciras, Pepe de Lucía
De Paco de Lucia (2007).

De Paco de Lucía, gebuer den 21. Dezember 1947 zu Algeciras, Provënz Cádiz als Francisco Sánchez Gómez, a gestuerwen de 25. Februar 2014 zu Cancún, Mexiko[1], war e spuenesche Gittarist a Komponist, deen als Groussmeeschter vun der Flamenco-Gittar gegollt huet. Hien huet souwuel klassesche Flamenco gespillt, wéi och nei Elementer aus der Klassescher Musek an dem Jazz dran afléisse gelooss. Seng Bridder Ramón de Algeciras a Pepe de Lucía waren, respektiv sinn och Flamenco-Museker.

Hien huet mat 5 Joer ugefaangen, Gittar ze léieren, an hat mat eelef Joer seng éischt Optrëtter, mat 15 seng éischt Auslandstournée an engem Ensembel a mat 17 seng éischt Plack (zesumme mam Ricardo Modrega) erausbruecht.

Hien huet laang Jore mam populäre Flamencosänger Camarón de la Isla zeusmmegeschafft, tëscht 1969 an 1984 hu si zesumme 12 Placken erausbruecht. Zu der selwechter Zäit huet hien och 11 Placke mam Sänger Fosforito erausbruecht, an ass och mat weidere Sänger opgetrueden, nämlech dem Bambino, Chato de la Isla, Enrique Montoya, Juan el de la Vara, Antonio Mairena an dem El Sevillano.

1973 hat hie mat Fuente y Caudal an Entre dos Aguas säin internationalen Duerchbroch. Zanter 1977 ass hien ëmmer nees mat den Jazz-Gittaristen Al Di Meola an John McLaughlin opgetrueden. Hire Live-Album vun 1981, Friday Night in San Francisco, gouf iwwer 2 Millioune Mol verkaaft.

Hien ass de 25. Februar zu Cancún un engem Herzinfarkt gestuerwen, wéi en op der Plage mat senge Kanner gespillt huet.[1]

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

  • 1965: Dos guitarras flamencas vum Ricardo Modrego
  • 1965: Dos guitarras flamencas en stereo vum Ricardo Modrego
  • 1965: Doce canciones de García Lorca para guitarra vum Ricardo Modrego
  • 1967: Dos guitarras flamencas en America Latina vum Ramón de Algeciras
  • 1967: Canciones andaluzas para dos guitarras vum Ramón de Algeciras
  • 1967: La fabulosa guitarra de Paco de Lucía
  • 1969: Hispanoamerica
  • 1969: Fantasía flamenca
  • 1971: Recital de guitarra
  • 1972: El duende flamenco
  • 1972: soy grande por ser gitano, mam Camarón de la Isla
  • 1973: Fuente y caudal
  • 1975: Entre Dos Aguas
  • 1975: En vivo desde el teatro real
  • 1976: Almoraima
  • 1978: Interpreta a Manuel de Falla
  • 1981: Castro Marín (mam Larry Coryell an John McLaughlin)
  • 1981: Friday Night in San Francisco, mam Al di Meola an John McLaughlin
  • 1981: Solo quiero caminar – The Paco de Lucia Sextett
  • 1983: Passion, grace and fire vum Al Di Meola an John McLaughlin
  • 1984: Live one summer night Paco de Lucia Sextett
  • 1986: Entre dos aguas
  • 1987: Siroco
  • 1988: Sound Patio – Flamenco Guitar
  • 1990: Zyryab
  • 1991: Concierto de Aranjuez vum Joaquín Rodrigo
  • 1993: Live in America Paco de Lucia Sextett
  • 1996: The guitar trio mam Al Di Meola an John McLaughlin
  • 1997: Canciones andaluzas para dos guitarras Paco de Lucía a Ramón de Algeciras
  • 1998: Luzia
  • 2004: Cositas Buenas
  • 2012: En Vivo - Conciertos Live in Spain 2010

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Paco de Lucía – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 "Spanischer Stargitarrist Paco de Lucía mit 66 gestorben." Süddeutsche Zeitung, 26. Februar 2014.