Palais des Tuileries
Ausgesinn
De Palais des Tuileries war e Schlass zu Paräis, dat vun der Katharina vu Medici 1564 gebaut gouf. Et gouf 1871, bei de Kämpf vun der Commune de Paris, duerch e Feier zerstéiert, dat dräi Deeg gebrannt huet. 1882 goufen d'Ruinen ewechgerappt.
Éier d'Schlass gebaut gouf waren op där Plaz dräi Fabriken, déi Daachzille (tuiles) produzéiert hunn.
De Palais war d'Residenz vun enger ganzer Rei Monarchen, dorënner den Henri IV., de Louis XIV., de Louis XVI., de Louis XVIII., de Charles X., den Napoleon Bonaparte an den Napoleon III.. Dertëscht war en och nach de Sëtz vun der éischter franséische Republik an dem Consulat.
-
Fass op der Place du Carrousel, 1865
-
Plang vun den Tuileries an de Gäert
-
Fréier Plaz vum Palais
-
De Palais des Tuileries, de Louvre an d'Grande galerie, 1615
-
Bal am Palais zu Éiere vu polneschen Diplomaten, 1573
-
D'Schlass nom Brand
-
D'Plaz haut
Bibliographie
[änneren | Quelltext änneren]- Boulant, Antoine, Les Tuileries, palais de la Révolution (1789-1799), chez l'auteur, 1989.
- Bresc-Bautier, Geneviève, Caget, Denis, Jacquin, Emmanuel, Jardins du Carrousel et des Tuileries, Éditions de la Réunion des monuments nationaux, 1996.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Tuileries – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- www.tuileries.c.la: Les Tuileries, lieu de mémoire de la Révolution
Portal vu Paräis – All d'Artikelen op dëser Wikipedia iwwer Paräis. |