Palau de les Arts Reina Sofía

Vu Wikipedia
De Palau de les Arts Reina Sofía, nuets.
Viischt Vue
Hënescht Vue.

De Palau de les Arts Reina Sofía ass en Operen- a Kulturgebai zu Valencia. Et goung den 8. Oktober 2005 op. De 25. Oktober vun deem Joer gouf et déi éischt Opféierung, d'Oper Fidelio vum Ludwig van Beethoven. Der Palau de les Arts Reina Sofía ass en Deel vun der Ciudad de las Artes y de las Ciencias a gouf vum spueneschen Architekt Santiago Calatrava entworf.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Den Auditorio.

D'Gebai fällt duerch seng ongewéinlech geschwonge Bauweis op. De schmulen Daach wëlleft sech a Form vun engem gefaalte Kugelsegmentno baussen. D'Baussemauere hunn och d'Form vu gebéite Linnen. D'Gebai ass op senger héchster Plaz 75 Meter héich, an et si bis zu 14 Stäck dran. Ënnert dem Rez-de-CHaussée si weider dräi Stäck. Mat enger Längt vun 230 m an enger Totalfläch vu 40.000 m² ass et dat gréissten Operenhaus vun Europa.

Am Palau de les Arts Reina Sofía sinn am Ganze véier Auditorien:

  • Den Haaptsall Sala Principal mat Plaz fir 1.412 Leit; hei gi meeschtens Operen opgefouert.
  • Das Auditorio buewendriwwer huet 1.490 Plazen.
  • D' Aula Magistral huet Plaz fir 400 Visiteuren a gëtt meeschtens fir Concerte vu Kammermusek gebraucht.
  • De Martí i Soler Theatre, ënnert dem Buedem, ass en Theater fir 400 Spectateuren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Palau de les Arts Reina Sofía – Biller, Videoen oder Audiodateien