Paleo

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Qsicon Ueberarbeiten.png Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediacritèrë fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.

D'Wuert PALEO ass eng Ofkierzung vum Wuert Paleontologie. Als PALEO bezeechent een dacks d'Liewensaart an d'Ernierung vum Mënsch an der Steenzäit. Leit déi nom PALEO Prinzip liewen, verzichten haaptsächlech op industriell verschaffte Liewensmëttel, Zocker a staark genmanipuléiert Kären an och Mëllechproduite mam Hiweis dorop, dass dat ons an onser Zäit als Jeeër a Sammler och net zur Verfügung stoung. D'Leit déi no dem Prinzip liewen an iessen, orientéieren hir Astellung un onser (quasi onverännerter) Genetik zanter ronn 160.000 Joer an eliminéieren deemno gréisstendeels alles, wat de Mënsch an de leschten 10.000 Joer un der Liewensmëttelbereetstellung duerch d'Natur verännert huet. Se liewen esou staark wéi et an der haiteger Welt méiglech ass, am Aklang mat hire Genen, der Natur, der Sonn, de Saisonen. Paleo gëtt dacks als Regimm duergestallt, ass awer méi eng Liewensastellung ronderëm all déi Elementer an och d'Beweegung am Alldag an de Sport.