Palmyra

Vu Wikipedia

Palmyra (Arabesch: تدمر‎‎ Tadmor) ass eng antik semitesch Stad am haitege Syrien. Archeologesch Entdeckungen datéiere bis op d'neolithesch Period, an d'Stad gouf am fréien 2. Joerdausend virun eiser Zäitrechnung fir d'éischt dokumentéiert. Palmyra stoung ënner der Herrschaft vun ënnerschiddleche Räicher bis d'Stad am 1. Joerhonnert en Deel vum Réimesche Räich ginn ass.

D'Stad hat et duerch Handelskarawannen zu Wuelstand bruecht; d'Awunner vu Palmyra ware renomméiert Händler, déi Kolonie laanscht d'Seidestrooss etabléiert haten an iwwerall am Réimesche Räich aktiv waren. Der Stad hire Räichtum huet de Bau vu monumentale Projeten erméiglecht, wéi d'Grouss Kolonnad, de Baaltempel, oder déi markant Tuermgriewer. D'Awunner vu Palmyra waren eng Mëschung vun Amoriter, Aramäer an Araber. Der Stad hir sozial Strukture waren op Stämm ausgeluecht, an d'Awunner hu Palmyrenesch geschwat, en aramäeschen Dialekt. Griichesch gouf fir kommerziell an diplomatesch Zwecker benotzt. D'Kultur war vun der griichesch-réimescher Kultur beaflosst an huet eng distinktiv Konscht an Architektur ervirbruecht, déi Traditiounen aus dem Osten an aus dem Weste kombinéiert huet. D'Stadbevëlkerung huet u lokal Gottheeten an u mesopotamesch an arabesch Gëtter gegleeft.

Am 3. Joerhonnert war Palmyra e räiche regionalen Zentrum, dee seng maximal Muecht an den 260er Joren erreecht huet, wéi de Kinnek Odaenathus vu Palmyra géint de persesche Keeser Schapur I. gewonnen huet. D'Nofollgerin vum Kinnek war d'Kinnigin Zenobia, déi géint Roum rebelléiert huet an d'palmyrescht Räich ausgeruff huet. 273 huet de réimesche Keeser Aurelian d'Stad zerstéier gelooss. Si gouf spéider ënner dem Diokletian méi kleng nei gegrënnt. Am 4. Joerhonnert sinn d'Palmyrer zum Chrëschtentum konvertéiert an dunn zum Islam an der zweeter Hallschent vum 1. Joerdausend. Zu där Zäit goufen och d'palmyresch and d'griichesch Sprooch duerch Arabesch ersat.

Virun 273 huet Palmyra vun Autonomie profitéiert a gouf un déi réimesch Provënz Syrien gehaangen. Seng politesch Organisatioun war an den zwee éischte Joerhonnerten no eiser Zäitrechnung vum griichesche Stad-Staat-Modell beaflosst. Am 3. Joerhonnert ass d'Stad eng réimesch Kolonie ginn, wat d'Inkorporatioun vu réimesche Regierungsinstitutioune mat sech bruecht huet, éier d'Stad 260 eng Monarchie ginn ass. No hirer Zerstéierung 273 ass Palmyra e méi klengen Zentrum ënner de Byzantiner a spéider anere Räicher ginn. D'Zerstéierung vun der Stad duerch d'Timuriden am Joer 1400 huet se zu engem klengen Duerf reduzéiert. Ënner dem franséische Mandat goufen 1932 d'Awunner an dat neit Duerf mam Numm Tadmur ëmgesidelt an den ale Site ass fir Ausgruewungen zougänglech ginn.

2015 ass Palmyra ënnert d'Kontroll vum Islamesche Staat geroden, deen eng Rei Gebaier zerstéiert huet. Am Mäerz 2016 hunn d'syresch Regierungstruppen d'Stad mat Hëllef vun der russescher Loftwaff zeréckeruewert.[1]

Biller[änneren | Quelltext änneren]


Commons: Palmyra – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Fox News (online): Fighting intensifies as Syrian troops storm ISIS-held ancient city of Palmyra (24. Mäerz 2016)