Panamericansaurus schroederi

Vu Wikipedia

Panamericansaurus schroederi ass déi bis elo eenzeg bekannt Aart vun der Gattung Panamericansaurus, déi zu de sauropoden Dinosaurier aus der Grupp vun den Titanosauria gehéiert, déi an der Ieweschter Kräidzäit a Südamerika gelieft hunn.[1]

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

Fossil Iwwerreschter vun der Aart goufen am Juni 2003 bei enger paleontologescher Campagne vun der Universidad Nacional del Comahue an der Allen-Formatioun (Campanium bis Maastrichtium) no bei der Stad San Patricio del Chañar an der argentinescher Provënz Neuquén (Patagonien) fonnt. Ufanks gouf gemengt, si géifen zu der Gattung Aeolosaurus gehéieren; dono gouf awer erkannt, datt eng nei Aart an eng nei Gattung ass.[1]

Den Numm[änneren | Quelltext änneren]

De Gattungsnumm Panamericansaurus bezitt sech op d'Firma Pan American Energy, déi d'Fuerschungen deemools finanziell ënnerstëtzt huet. Den Aartennumm soll d'Wënzerfamill Schroeder éieren, op där hirem Land d'Fossilie bei Bauaarbechten entdeckt goufen.[1]

D'Familia Schroeder Winery verkeeft iwwregens e puer vun hire Wäiner ënner dem Numm Saurus respektiv Saurus Select.[2]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Calvo, J.O. & J.D. Porfiri, 2010. Panamericansaurus schroederi gen. nov. sp. nov. Un nuevo Sauropoda (Titanosauridae-Aeolosaurini) de la Provincia del Neuquén, Cretácico Superior de Patagonia, Argentina. Brazilian Geographical Journal, Bd. 1, Nr. 1, S. 100-115. [1].
  2. Zwank, I., 2017. Dino in der Flasche: Wie die “Vinothèque Cellier des Grands Crus” aus Mertert an einen argentinischen Saurier kommt. Lëtzebuerger Journal 2017-04-11, S. 6. Online-Versioun.
    Familia Schroeder, Wines from Patagonia.