Op den Inhalt sprangen

Pangramm

Vu Wikipedia

E Pangramm (vum algriicheschen πᾶν γράμμα pān gramma „all Buschtaf“) oder holoalphabetesche Saz ass e Saz, an deem all Buschtaf vun engem bestëmmten Alphabet virkënnt.

En echten oder richtege Pangramm ass een, an deem all Buschtaf just eemol dran ass; et ass deemno och en Isogramm. Echt Pangrammer mat de 26 laténgesche Buschtawe si ganz schwéier ze bilden, well se nëmme fënnef (oder, mam Y, sechs) Vokaler enthalen. Et gëtt keng Sprooch, an där en echte Pangramm bekannt ass, dee just aus Alldagswierder ouni Ofkierzunge besteet.

Uganks ware Pangrammer just eng mathematesch Spillerei. Mam Opkomme vun der kodéierter Textiwwerdroung am 20. Joerhonnert si s'absënns gebraucht gi fir Apparater wéi Telexverbindungen, Schreifmaschinnen, Tastaturen, Drécker, asw. ze testen. Hautdesdaags gi Pangrammer haaptsächlech als Fëlltext a fir d'Duerstelle vu Schrëfte gebraucht.

Lëtzebuergesch

[änneren | Quelltext änneren]
  • Voilà, d'Béa wëll um Arrêt just fönen üben, de Garçon zu Nîmes op der Côte quälen an den Aïoli-Goût um Xylophon lecken. (93 Buschtawen)

Dëse Pangramm benotzt nëmme real Wierder an enthält all Buschtawen, déi am Lëtzebuergesche gebraucht ginn: déi 26 Grondbuschtawe vum lëtzebuergeschen Alphabet (a – z), inklusiv den Ëmlauten an de Buschtawe mat diakriteschen Zeechen: ä à ç é ê ë ï ö ô ü û.

Et ass keen echte Pangramm op Lëtzebuergesch bekannt.

  • Nyx' Bö drückt Vamps Quiz-Floß jäh weg.[1] (30 Buschtawen, mat ß an Ëmlauten)
  • Vogel Quax zwickt Johnys Pferd Bim. (29 Buschtawen, ouni ß an Ëmlauten)
  • Portez ce vieux whisky au juge blond qui fume. (37 Buschtawen)
  • Dès Noël où un zéphyr haï me vêt de glaçons würmiens, je dîne d’exquis rôtis de bœuf au kir à l’aÿ d’âge mûr & cætera. (112 Buschtawen, inklusiv de seelenen æ, ü an ÿ)
  • A quick brown fox jumps over the lazy dog. (33 Buschtawen)
 Commons: Pangramm – Biller, Videoen oder Audiodateien
 Op Wikifunctions gëtt et eng Funktioun zu dësem Theema

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 2023 vum Benjamin Schwenk am Artikel Pangramm (de) publizéiert