Paolo Maffei

Vu Wikipedia
Paolo Maffei
Gebuer 2. Januar 1926
Italien
Gestuerwen 1. Mäerz 2009
Foligno
Nationalitéit Italien, Kinnekräich Italien
Educatioun Universitéit vu Florenz
Aktivitéit Astronom, Historiker, Astrophysiker

De Paolo Maffei, gebuer den 2. Januar 1926 zu Arezzo a gestuerwen den 1. Mäerz 2009 zu Foligno, war en italieeneschen Astronom an Astrophysiker vun internationalem Ruff.

Kuerzbiographie[änneren | Quelltext änneren]

De Maffei hat säi Studium zu Florenz absolvéiert. Uschléissend hat hien als Astronom am Observatoire vun Arcetri, an deene vun Asiago a Bologna souwéi an deem vun Hamburg geschafft. Spéider gouf hie Leeder vum Observatoire vu Catania.

Dem Maffei seng Aarbechtsgebidder waren d'Koméiten, d'Verännerlech Stären, d'Entwécklung vum Universum an d'Geschicht vun der Astronomie. Hie war ee vun de Pionéier vun der Infraroutastronomie. 1968 huet hie bei Observatiounen am noen Infraroutberäich déi elliptesch Risegalaxis Maffei 1 an d'Balkespiralgalaxis Maffei 2 entdeckt, déi gréisst Membere vun der Maffei-Grupp.

De Maffei gouf wéinst ettleche Publikatioune bekannt, ënner anerem och iwwer de Koméit Halley.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Al di là della Luna (1973)
  • I mostri del cielo (1976)
  • L'universo nel tempo (1982)
  • La cometa di Halley: dal passato al presente (1984)
  • Giuseppe Settele, il suo diario e la questione galileiana (1987)
  • Autobiographie:
P.Maffei, "My Researches at the Infrared Doors", Memorie della Società Astronomica Italiana, Vol. 74 n. 1, 2003, pag. 19-28 (PDF), (vum "IV National Conference on Infrared Astronomy, in honour of Paolo Maffei", Perugia, December 4–7, 2001).