Par Clierf Saint-Benoît
Ausgesinn
D'Par Clierf Saint-Benoît ass eng vun den 33 kathoulesche Paren, déi de 7. Mee 2017 mat engem Dekreet vum Bistum Lëtzebuerg entstane sinn.[1]
Se gehéiert zum Dekanat Norden an ersetzt déi 7 fréier Paren Klierf, Hengescht, Hëpperdang, Léiler, Maarnech, Munzen a Wäicherdang. Buckels an Näidsen, déi fréier Filiale vun der Par Munzen, ginn ofgetrennt.
D'Par läit um Gebitt vun der Gemeng Klierf.
De Patréiner vun der Par ass den hellege Benedikt.
D'Parkierch ass d'Kierch vu Klierf.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vun de fréiere Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg