Par Käldall Notre-Dame-des-Mineurs
D'Par Käldall Notre-Dame-des-Mineurs ass eng vun den 33 kathoulesche Paren, déi de 7. Mee 2017 duerch en Dekret vum Bistum Lëtzebuerg entstane sinn.[1]
Se gehéiert zum Dekanat Süden-Ost an ersetzt déi 3 fréier Pare Keel, Rëmeleng an Téiteng.
D'Par läit um Gebitt vun de Gemenge Keel a Rëmeleng.
D'Patréinesch vun der Par ass d'Notre-Dame des Mineurs.
D'Parkierch gouf 2017 nach net festgeluecht a soll bannent den nächsten dräi Joer bestëmmt ginn.
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vun de fréiere Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg