Paralympesch Spiller

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Paralympics)

D'Paralympesch Spiller, och Paralympics genannt, sinn d'Olympesch Spiller fir Mënsche mat kierperlecher a visueller Behënnerung. Sportler aus iwwer 100 Länner maache mat. D'Paralympesch Spiller goufe fir d'éischt 1948 organiséiert. Zanter 1960 gi se reegelméisseg ausgedroen an zanter 1988 si se mat den Olympesche Spiller verbonnen. Si sinn ëmmer 3 Wochen no den Olympesche Spiller op der selwechter Plaz. Zanter 1976 gëtt et och déi d'Paralympesch Wanterspiller.

De Begrëff[änneren | Quelltext änneren]

De Begrëff Paralympics kennt vun deenen zwee Wierder “paraplegic” aus dem engleschen: geläämt an “Olympic”. Offiziell gouf den Numm Paralympics eréischt 1988 a Korea benotzt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Neurolog Ludwig Guttmann huet 1948 an England d'Paralympesch Spiller fir d'éischt initiéiert fir se mat den Olympesche Spiller ze verbannen. 1984 war dat kommerziellt Organisatiounsteam vun den Olympesche Spiller vu Los Angeles dogéint, d'„International Games for Disabled“ z'organiséieren, mam Grond datt dat de „richtege“ Sportler hiert professionellt Bild géif verschlechteren. Doropshin huet Gemeng vu Chicago entscheet d'Paralympesch Spiller trotzdeem z'organiséieren. E puer Méint virum Ufank vun de Spiller huet Gemeng s'awer ofgesot mam Argument, et géifen 100.000 $ feelen. Doropshi goufen d'Spiller an zwee gedeelt, een Deel an England an deen aneren zu New York.

Zanter 1988 gi se reegelméisseg parallel zu den Olympesche Spiller ofgehalen. Wärend de Paralympesche Spiller zu Athen 2004 hu 4.000 Sportler aus 130 Länner matgemaach. D'Sportler goufen am Ganze vun 2000 Teambegleeder ënnerstëtzt.

Sportaarten[änneren | Quelltext änneren]

D'paralympesch Sportaarte ginn a Summer- a Wantersportaarten ënnerdeelt. Pro Sportaart kann et och Ënnerkategorie ginn, wéi z. B. am Para-Vëlossport wou et Zweerad, Dräirad, Tandem an Handbike gëtt.

Aktuell si 27 Sportaarte paralympesch (22 Summer- a fënnef Wantersportaarten)[1]:

Paralympesch Summersportaarten[änneren | Quelltext änneren]

  1. Blannefoussball
  2. Golball
  3. Para Badminton
  4. Para Boccia
  5. Para Bouschéissen
  6. Para Dëschtennis
  7. Para Dressursport
  8. Para Gewiichthiewen
  9. Para Judo
  10. Para Kanu
  11. Para Liichtathleetik
  12. Para Rudderen
  13. Para Schwammen
  14. Para Schéisssport
  15. Para Taekwondo
  16. Para Triathlon
  17. Para Vëlossport
  18. Rollstullbasketball
  19. Rollstullfechten
  20. Rollstullrugby
  21. Rollstulltennis
  22. Sëtzvolleyvall

Paralympesch Wantersportaarten[änneren | Quelltext änneren]

  1. Para Äishockey
  2. Para Alpinschi
  3. Para Nordisch Schi
  4. Para Snowboard
  5. Rollstullcurling

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Paralympic Games – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. (de)Paralympische Sportarten. Luxembourg Paralympic Committee. Gekuckt de(n) 2023-12-17.