Parc Heintz (Escher Strooss)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Parc Heintz (route d'Esch))
Dësen Artikel beschäftegt sech mat Skulpturepark vun der BIL zu Hollerech. Fir de Park vun Heintz Van Landewyck am Garer Quartier, kuckt wgl. Parc Heintz (rue de Hollerich).
Parc Heintz
Lokalisatioun
Land Lëtzebuerg
Plaz Hollerech
Koordinaten 49°36'10,15"N, 6°7'16,93"O
Ugeluecht 22. Juni 2000
Bauhär Interbank
Genannt no Joseph Heintz
Fläch 1 ha

De Parc Heintz, oder Heentze Park, wéi en op Lëtzebuergesch genannt gëtt, ass e private Skulpturepark zu Hollerech an der Stad Lëtzebuerg deen awer ëffentlech zougänglech ass. De Park huet eng Fläch vun eppes méi wéi engem Hektar a läit beim Sëtz vun der BIL, tëscht der Escher Strooss an der Rue de la Semois.

De Park huet den Numm vum Joseph Heintz, Industriellen a Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg, deen de Park ufanks vum 20. Joerhonnert kaaft hat. An den 1970er Joren hat d'BIL den Terrain opkaaft fir hire Sëtz „L'Indépendance” do opzeriichten.

Am Optrag vun der BIL huet de belsche Sculpteur Pierre Culot, zesumme mam Architekt Thierry Germe an dem Landschaftsgäertner Christophe Spéhar, de Skulpturepark entworf an nei amenagéiert[1], deen den 22. Juni 2000 ageweit gouf.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Skulpturen am Park[änneren | Quelltext änneren]

Verschidde Skulpturen déi zäitweis am Park ausgestallt waren:

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Parc Heintz (Escher Strooss) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Marianne Brausch, Joseph Tomassini, 2000: En suivant Ses jardins..., an der Literatur.