Naturpark Our
|
D'Our bei Veianen | |
| Lokalisatioun | |
|---|---|
| Land | Lëtzebuerg |
| Koordinaten | 50°0'N, 6°6'O |
| Ugeluecht | 9. Juni 2005 |
| Fläch | 453,88 km² |
|
Den Naturpark Our (gréng) am Lëtzebuerger Land. Hell gefierft (Wäiswampech) ass e Bäitrëttskandidat | |
|
| |

Den Naturpark Our ass ee vun den dräi Naturparken zu Lëtzebuerg(Stand: Mäerz 2026), op der Basis vum Gesetz vum 10. August 1993[1]. Den Naturpark Our gouf duerch d'Groussherzoglecht Reglement vum 9. Juni 2005 offiziell unerkannt[2].
Den Naturpark läit am Éislek um nordëstleche Bord vu Lëtzebuerg, am Dräilännereck Belsch-Däitschland-Lëtzebuerg. D'Gestioun gëtt vum vum Syndicat pour l'aménagement et la gestion du parc naturel de l'Our assuréiert.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Vun 1992 un huet de Syndicat intercommunal de la vallée de l'Our (Sivour) sech fir d'Opwäerte vum Ourdall agesat an d'Viraarbechte geleescht, déi schlussendlech mam Groussherzogleche Reglement vum 9. Juni 2005 zur offizieller Grënnung vum haitegen Naturpark Our gefouert hunn[2].
Memberen
[änneren | Quelltext änneren]Bei der Grënnung ware follgend Gemenge Member vum Park: Baastenduerf, Ëlwen, Furen, Hengescht, Houschent, Housen, Klierf, Konstem, Munzen, Pëtschent, Veianen a Wëlwerwolz. D'Gemeng Wäiswampech, déi och Member am Sivour war, huet sengerzäit awer decidéiert, fir net Member am Naturpark ze ginn.
Wéinst de Gemengefusioune vun 2006 an 2011 huet sech d'Memberschaft verännert an 2015 ass och nach d'Gemeng Wëntger als neie Member derbäikomm.
Den Naturpark ëmfaasst elo eng Fläch vu 453,88 km², verdeelt op néng Gemengen, mat knapp 27.500 Awunner. Zënter 2021 lafen awer och Gespréicher fir d'Gemeng Wäiswampech méi spéit nees an den Naturpark mat anzebannen[3].
| Gemeng | Awunner[4] | Fläch[4]
km² | |
|---|---|---|---|
| Buerschent | 1.724 | 36,86 | |
| Ëlwen | 3.580 | 37,86 | |
| Kiischpelt | 1.260 | 33,58 | |
| Klierf | 6.121 | 85,05 | |
| Parc Housen | 4.141 | 70,65 | |
| Pëtschent | 1.176 | 27,13 | |
| Tandel | 2.292 | 41,72 | |
| Veianen | 2.212 | 9,67 | |
| Wëntger | 4.916 | 111,36 | |
| Bäitrëttskandidat | |||
| Wäiswampech | 2.456 | 3.525 | |
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Naturpark Our – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (fr) Loi du 10 août 1993 relative aux parcs naturels. data.legilux.public.lu (10.08.1983). Gekuckt den 18.03.2026.
- 1 2 (fr) Règlement grand-ducal du 9 juin 2005 portant déclaration du Parc Naturel de l'Our. data.legilux.public.lu (09.06.2005). Gekuckt den 21.03.2026.
- ↑ (de) Statistik. naturpark-our.lu. Gekuckt den 21.03 .2026.
- 1 2 Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
