Parc de Gerlache

Vu Wikipedia
Parc de Gerlache
Lokalisatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Déifferdeng
Koordinaten 49° 31’ 25.94’’ N
      05° 53’ 25.94’’ O
Architekt Georges Traus
Genannt no Alexandre de Gerlache
Dimensiounen a Geographie
Fläch 66 Ar

De Parc de Gerlache[1] ass en ëffentleche Park am Zentrum vun der Stad Déifferdeng. E läit um Terrain vum fréiere Schlass Gerlache, dat nom virleschte Proprietär, dem Alexandre de Gerlache benannt ass.

Am Gerlache Park ass eng Spillplaz an en ass bekannt fir seng Blummenauer aus dem Joer 1933.

Geschicht vum Park[änneren | Quelltext änneren]

1920 hat d'Gemeng Déifferdeng dat 1,70 Hektar grousst Areal vum Schlass Gerlache opkaaft fir do e Stadpark z'amenagéieren. De Plang vum Park gouf vum Lëtzebuerger Architekt Georges Traus entworf a vum däitschen Architekt a Städteplaner Josef Stübben liicht geännert. Fir de Park goufe schliisslech nëmme 66 Ar vum Terrain benotzt.[2]

De Gerlachepark ass 1925 ageweit ginn.[3]

Blummenauer[änneren | Quelltext änneren]

D'Blummenauer am August 2017

Eng vun den Attraktiounen zu Déifferdeng ass d'Blummenauer (dt.: Blumenuhr, fr.: horloge fleurie) am Gerlacher Park. Si läit am Südweste vun der Anlag, um Eck vun der Rue de la Grève nationale an der Rue du Parc de Gerlache.

D'Zifferblat vun der Auer huet en Duerchmiesser vun 9 Meter. Den Aueremechanismus läit an engem klenge Raum am Buedem ënnert der Auer.[4]

Si ass reegelméisseg d'Affer vu Vandalismus.[3][5]

Zënter 1933 gëtt all Joer en neit Blummemuster ronderëm d'Auer geplanzt. De Plang dofir gëtt am Wanter ausgeschafft.

Eng éischt Beplanzung gëtt meeschtens virun Ouschteren fir d'Kiermes gemaach. Da ginn 1.200 Blumme gesat. Am Summer kommen der nach eng Kéier derbäi, well dann och d'Ziffere vun der Auer beplanzt ginn. Da besteet d'Blummenauer aus am Ganze ronn 12.000 Planzen.[2][3][4] D'Beplanzen dauert ëm déi 160 Stonnen.[2][5]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Ufanks der 1930er Jore war den deemolegen Déifferdenger Buergermeeschter Émile Mark mat der Gemengemusek op Visitt zu Interlaken an der Schwäiz, wou hien eng grouss Auer mat ville Blumme gesinn huet, déi him gutt gefall huet. Hien huet entscheet, datt seng Stad och esou eng Auer sollt kréien. Déi passend Plaz dofir war de Gerlachepark.[3] De Plang dofir ass vum Émile Mark zesumme mam Stadingenieur Léon Tockert a vum Chef vum techneschen Déngscht vun der Gemeng, dem Nicolas Anton, ausgeschafft ginn.[2][4]

De Jean Schwickerath gouf beoptraagt, de mechaneschen Deel vun der Auer z'entwéckelen, ze bauen an z'ënnerhalen. D'Gemengebetriber hunn d'Stécker dofir geliwwert, woubäi sech besonnesch de Camille Specht aus Uewerkuer ervirgedoen huet, deen d'Eisestécker geschnidden huet. Déi fäerdeg Auer ass 1933 ageweit ginn. De Jean Schwickerath ass all Dag bei d'Riederwierk vun der Auer geklomme fir et opzezéien, ze kontrolléieren a wann néideg och ze flécken. Eréischt vill méi spéit gouf d'Opzéiauer mat engem elektresche Wierk ersat, wat méi einfach z'ënnerhalen ass a vun der Gemeng a Stand gehale gëtt.[2][3]

1935 ass nach e klengt Haische mat engem Zwerg derbäigesat ginn, deen all Véierelsstonn eng kleng Klack schléit. Déi éischte Kéier, wéi den Zwerg d'Klack gelaut huet, war den 22. Mee 1935, um Dag vum Begriefnes vum Buergermeeschter Mark. De Zwerg a säin Haische si fir säi siwwenzegste Gebuertsdag renovéiert ginn.[3]

Am Zweete Weltkrich hunn déi däitsch Besatzer et tëscht 1942 an 1945 verbueden, d'Auer ze beplanzen an z'ënnerhalen. D'Gemengegäertnereie kruten den Optrag, nëmmen nach Geméis ze ziichten. Den deemolege Stadgäertner Jean Uhres huet trotzdeem iwwer dräi Joer Planzen an der Stadgäertnerei um Liewe gehalen, sou datt d'Blummenauer direkt no der Befreiung am Joer 1945 nees nei beplanzt konnt ginn.[3]

Den Zwerg[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischte Kéier, wéi den Zwerg d'Klack gelaut huet, war den 22. Mee 1935, um Dag vum Begriefnes vum Buergermeeschter Mark.[3]

An den 1950er Joren gouf et am Zwerg sengem Haischen e weidert mechanescht Wierk mat Apostelen, déi sech all Stonn gedréint hunn. Dat Wierk ass awer no manner wéi dräi Joer wéinst Vandalismus nees ewechgeholl ginn.[3]

An der Nuecht vum 11. op den 12. Juli 1982, no der Finall vun der Foussballweltmeeschterschaft, ass den Zwerg verschwonnen, mä gouf vun der Gendarmerie erëmfonnt. Spéider huet déi selwecht Persoun den Zwerg eng zweet Kéier geklaut.[2][3][3],[6]

Den Zwerg a säin Haische si fir säi siwwenzegste Gebuertsdag renovéiert ginn.[3]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Parc de Gerlache – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Presentatioun um Site vun der Gemeng Déifferdeng
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 2,4 2,5 newcom.lu: Die Blumenuhr in Differdingen feiert ihr 75. Jubiläum (ondatéiert)
  3. 3,00 3,01 3,02 3,03 3,04 3,05 3,06 3,07 3,08 3,09 3,10 3,11 Die Differdinger Blumenuhr: Ein Zwerg feiert Geburtstag, in: Déifferdang Magazin, Nr. 06-2006, Säit 14-15
  4. 4,0 4,1 4,2 Nadja Rafalski op mywort.lu: Blumenuhr seit 80 Jahren Wahrzeichen und Anziehungspunkt im Parc Gerlache (5. September 2013)
  5. 5,0 5,1 L'horloge florale a fêté son 70e anniversaire, in: Déifferdang Magazin, Nr. 02-2004, Säit 8-9
  6. La période de 1977 à 1987, in: Déifferdang Magazin, Nr. 01-2007, Säit 21