Partido Popular
Logo | Parteizentral |
---|---|
![]() |
Calle Génova 13, 28004, Madrid ![]() |
Basisdonnéeën | |
Grënnungsdatum: | 20. Januar 1989 |
Memberen: | 100.000[1] - 865.761 (2013)[2] |
Ideologie: | Konservatismus Chrëschtdemokratie |
Faarwen: | Blo |
Europäesch Affiliatioun: | Europäesch Vollekspartei |
Websäit: | www.pp.es |
De Partido Popular (kuerz PP) ass eng spuenesch konservativ a chrëschtdemokratesch politesch Partei.[3]
Si gouf 1989 gegrënnt a gëtt an hire Statuten als "reformisteschen Zentrum" definéiert, dee vun humanistesch-chrëschtleche Wäerter inspiréiert ass. Sengen eegenen Ugaben no huet de PP iwwer 865.000 Memberen ("afiliados").[2] Onofhängeg Analyste schätzen déi Zuel awer éischter op ëm déi 100.000.[1]
Si ass no der Spuenescher Sozialistescher Aarbechterpartei déi Partei, déi d'Land am längste regéiert huet. Si huet bis elo zwéi Ministerpresidente gestallt: de José María Aznar vun 1996 bis 2004 an de Mariano Rajoy vun 2011 bis 2018.
Commons: Partido Popular – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ 1,0 1,1 eldiario.es: ¿Dónde están los 865.000 socios del PP? (29. August 2014)
- ↑ 2,0 2,1 abc.es: El PP cuenta con 112.413 afiliados más desde 2008 (1. Februar 2014)
- ↑ parties-and-elections.eu: Spuenesch Parteien