Op den Inhalt sprangen

Partiell Chamberwale vum 28. Mee 1922

Vu Wikipedia

Bei de Partielle Chamberwale vum 28. Mee 1922 handelt et sech ëm Wale fir d'Chamber, dat lëtzebuergescht Parlament, déi nëmmen an de Walbezierker Norden an Zentrum ofgehale goufen.

Zur Wal stoungen 25 Sëtz.

Resultater vun de Chamberwale vum 28. Mee 1922[1]
Partei Sëtz
  Rietspartei 13
  Sozialdemokratesch Partei 2
  Liberal Liga (oder Radikal Lëscht, Z.) 6
  Onofhängeg Nationalpartei (oder Partei Prüm, N.) 4
  Kommunistesch Partei Lëtzebuerg (KPL, Z.) 0

Z: Bezierk Zentrum, N: Bezierk Norden

Un der Zesummesetzung an der Chamber huet dëst Resultat wéineg geännert: D'Rietspartei huet hir 27 Sëtz (an domat d'absolut Majoritéit) behalen, d'Sozialisten hunn zwéi Sëtz verluer; déi Liberal an d'Nationalpartei hu jee ee bäikritt.

Sëtz no Walbezierk

[änneren | Quelltext änneren]
Sëtz no Walbezierk[1]
RietsparteiSozialistenLiberalNationalparteiKPL
Zentrum 6 1 6 / 0
Norden 7 1 / 4 /
Total 13 2 6 4 0

/: keng Kandidaten an deem Bezierk

Gewielt Deputéiert

[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 3 "Wahlergebnisse". Luxemburger Wort, 31. 5. 1922, S.2.