Partiell Chamberwale vum 3. Juni 1934

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Bei de Partielle Chamberwale vum 3. Juni 1934 handelt et sech ëm Wale fir d'Chamber, dat lëtzebuergescht Parlament, déi nëmmen an de Walbezierker Süden an Osten ofgehale goufen. Am Südbezierk goufen 22 an am Ostbezierk 7 Deputéiert gewielt.

Vun den 53.591 ageschriwwene Wieler hunn der 92,35% un der Wahl deelgeholl.[1]

Resultater[änneren | Quelltext änneren]

Resultater
Partei Sëtz
Rietspartei 12
Aarbechterpartei 10
Radikal-Liberal Partei 3
Onofhängeg Lénkspartei 3
Kommunistesch Partei 1
Onofhängeg National Vereenegung 0
Mëttelstandspartei 0
Total 29

Süden[änneren | Quelltext änneren]

Den 3. Juni 1934 goufen 22 Deputéiert am Südbezierk gewielt. Dat sinn der zwee méi wéi bei de Chamberwalen 1928.

D'Rietspartei huet ee Sëtz dobäi gewonnen a konnt aacht Deputéiert an d'Chamber schécken. D'Aarbechterpartei konnt hir 10 Deputéiertemandater verdeedegen.

Déi nei Radikal-Liberal Partei krut dräi Sëtz. Och d'Kommunistesch Partei (KPL) konnt fir d'éischte Kéier e Vertrieder an d'Parlament schécken. D'Wal vun där hirem Vertrieder, der KPL hirem Generalsekretär Zénon Bernard, huet déi antikommunistesch konservativ Milieuen awer därmoosse beonrouegt, datt si säi Mandat wärend der éischter Chamberssëtzung de 27. November 1934 fir ongëlteg erkläert hunn, mat der Begrënnung, datt hien als Revolutionär keen Eed op d'Verfassung kéint ofleeën. Deen Dag huet de Zénon Bernard och seng eenzeg Ried an der Chamber gehalen.[2][3]

Den Hubert Loutsch, den eenzegen Deputéierte vun der Onofhängeger Nationaler Vereenegung am Walbezierk Süden, gouf net méi gewielt. Op senger Lëscht stoungen 11 Kandidatinnen, dorënner ënner anerem d'Catherine Kill. Domat war d'Hallschent vun all de Persounen op där Lëscht weiblech. Soss hunn nëmmen nach op der Lëscht vun der Kommunistescher Partei zwou Frae kandidéiert.[1] Et gouf awer bei de Wale keng Kandidatin gewielt, wat an der Zäitschrëft vun der feministescher Action féminine staark bedauert gouf:

Der 3. Juni bedeutet einen Mißerfolg der Frauensache [...] Es gibt wohl für den Menschen keine herbere Enttäuschung, als die Ablehnung jener zu verspüren, für die er eintrat und für die er sich in selbstloser Weise opferte. Nach 10 Jahren rastlosen Wirkens im Dienste der Fraueninteressen, bedeutet das Resultat der letzten Kammerwahlen für die Action Féminine ein bitterer Schlag. [...] Das Resultat dieser Wahlen ist eindeutig, ja so eindeutig, daß sich ein Kommentar fast erübrigt. Man steht sprachlos, kopfschüttelnd vor dieser Ablehnung und Gleichgültigteit und fragt sich unwillkürlich, ob nicht die so sehr gerühmte Solidarität der Frauen nur ein leerer Wahn sei.[4]

D'Mëttelstandspartei hat eng Lëscht mat engem eenzege Kandidat, dem Henri Geimer, opgestallt, deen awer net gewielt gouf an mat nëmmen 793 Stëmmen ee vun den niddregste Score vun alle Kandidaten am Südbezierk hat.

Osten[änneren | Quelltext änneren]

Genee wéi 1928 goufen am Ostbezierk siwen Deputéiert gewielt. Nëmmen zwou Parteien haten eng Lëscht opgestallt: d'Rietspartei an d'Onofhängeg Lénkspartei. Déi éischt huet ee Sëtz verluer. D'Onofhängeg Lénkspartei huet ee Sëtz gewonnen.

Sëtz no Walbezierk[änneren | Quelltext änneren]

Sëtz no Walbezierk
Partei / Lëscht Süden Osten Total
Rietspartei 8 4 12
Aarbechterpartei 10 / 10
Radikal-Liberal Partei 3 / 3
Kommunistesch Partei 1 / 1
Onofhängeg National Vereenegung 0 / 0
Mëttelstandspartei 0 / 0
Onofhängeg Lénkspartei / 3 3
Total 22 7 29

/: keng Kandidaten an deem Bezierk

Gewielt Deputéiert[änneren | Quelltext änneren]

Gewielt goufen:
Numm Partei Walbezierk
Pierre Dupong Rietspartei Süden
Eugène Reichling Rietspartei Süden
Nicolas Wirtgen Rietspartei Süden
Jean-Baptiste Rock Rietspartei Süden
Aloyse Hentgen Rietspartei Süden
Edouard Kirsch Rietspartei Süden
Léon Kinsch Rietspartei Süden
Marcel Schintgen Rietspartei Süden
René Blum Lëtzebuerger Aarbechterpartei Süden
Nicolas Biever Lëtzebuerger Aarbechterpartei Süden
Pierre Krier Lëtzebuerger Aarbechterpartei Süden
Hubert Clement Lëtzebuerger Aarbechterpartei Süden
Jean-Pierre Bausch Lëtzebuerger Aarbechterpartei Süden
Pierre Hamer Lëtzebuerger Aarbechterpartei Süden
Victor Bodson Lëtzebuerger Aarbechterpartei Süden
Denis Netgen Lëtzebuerger Aarbechterpartei Süden
Adolphe Krieps Lëtzebuerger Aarbechterpartei Süden
Joseph Schroeder Lëtzebuerger Aarbechterpartei Süden
Guillaume Theves Radikal-Liberal Partei Süden
Emile Mark Radikal-Liberal Partei Süden
Charles Krombach Radikal-Liberal Partei Süden
Zénon Bernard Kommunistesch Partei Süden
Joseph Bech Rietspartei Osten
Adolphe Klein Rietspartei Osten
Mathias Schaffner Rietspartei Osten
Jean-Baptiste Didier oder Jean-Pierre Wiltzius[5] Rietspartei Osten
Othon Decker Onofhängeg Lénkspartei Osten
Auguste Keiffer Onofhängeg Lénkspartei Osten
Pierre Godart Onofhängeg Lénkspartei Osten

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Escher Tageblatt, 6. Juni 1934, S. 1
  2. gouvernement.lu: Le gouvernement luxembourgeois décide de soumettre la future Constitution européenne à la ratification par référendum national (29. Juni 2003)
  3. Artikel iwwer de Zénon Bernard vum Henri Wehenkel op Le maitron (Lescht Versioun de 5. Oktober 2010)
  4. Action féminine, Juni-Juli 1934, S. 5
  5. D'Luxemburger Wort schreift de 5. Juni, den Didier wier gewielt. D'Tageblatt, d'Obermosel-Zeitung an d'Indépendance luxembourgeoise schreiwen de 4. Juni, de Wiltzius wier gewielt.