Partiell Fusioun

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Partiell Glasur)
Ënnerwaasserlava a partieller Fusioun

Partiell Fusioun (och: Deelfusioun, Partiell Anatexis) bezeechent an de Geowëssenschaften d'Produkt vun engem Fusiounsprozess bannen an der Äerd, bei deem dat fest Gestengsmaterial deelweis geschmollt gëtt.

Gestengs, wéi zum Beispill Granit oder Basalt, ass meeschtens aus verschiddene Mineralkomponenten opgebaut. Plutonitte wéi de Granit, hu Granulatgréisste vun en ettleche Millimeter bis Zentimeter, wärend Vulkanitte wéi de Basalt, ganz kleng Kärgréissten hunn a sou meeschtens eng diffus Gestengsmatrix hunn.

Wann d'Gestengs lues erhëtzt, ass z'observéieren, datt d'Material sech bei enger bestëmmter Temperatur net ganz verflëssegt, mä nëmmen zu engem Deel opschmëlzt. Dat läit dorun, datt déi verschidde Mineralkomponenten, déi e Gestengs bilden, ënnerschiddlech Fusiounstemperaturen hunn an dofir net automatesch zur selwechter Zäit opgeschmollt ginn.

Wärend verschidde Mineraler scho ganz verflëssegt sinn, kënnen anerer nach am festen Zoustand sinn. Entspriechend gëtt bei Gestengs net vun enger Fusiounstemperatur geschwat, mä vum Fusiounsberäich. Dobäi gëtt d'Temperatur, bei där nach déi ganz Gestengsstruktur am festem Zoustand ass, als Solidus bezeechent. D'Temperatur, bei där all d'Komponente vun engem Gestengs ganz geschmollt sinn, heescht Liquidus.

Bannent dem Fusiounsberäich gëtt et déi partiell Fusioun , där hir cheemesch Zesummesetzung vum Fusiounsgrad, also vum Undeel vum scho geschmoltene Gestengs, ofhänkt. Wann déi partiell Fusioun duerch e Vulkan ausbrécht spigelt sech d'Zesummesetzung an der Lava zeréck. Soumat léisst déi cheemesch Analys vu Vulkangestengs Réckschlëss op déi eventuell Déift vun der Magmagenesis an op d'Ausgangsgestengs zou.

Eng ausgedeenten Zon mat partieller Fusioun ass d'Asthenospher, déi am ieweschte Mantel ënner der Lithospher läit a mat seismologesche Methoden entdeckt gouf. Wéinst der partieller Fusioun sinn do d'Ausbreedungsvitesse vun de seismesche Wellen erofgesat.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]