Parverband Groussbus, Osper
Ausgesinn
De Parverband Groussbus, Osper gouf de 6. Mee 2017 mat engem Dekreet vum Bistum ofgeschaaft.
En huet zu der Pastoralregioun Zentrum gehéiert a bestoung aus de Pare vun den zwéi fréiere Parverbänn Groussbus an Osper, déi bis 2013 bestanen hunn:
D'Pare vum fréiere Parverband Groussbus:
- Bëschrued
- Biebereg
- Groussbus
- Randschelt
- Viichten
- Wal
- an der Filial
- Méchelbuch (Par Uewermäerzeg)
D'Pare vum fréiere Parverband Osper:
- Ell
- Kolpech
- Nidderpallen (ouni d'Filial Näerden)
- Nojem
- Osper
- Réiden op der Atert
- Rued
Dës 13 Paren a Filialkierche leien um Gebitt vun de Gemenge Groussbus, Préizerdaul, Viichten, Wal, Ell a Réiden op der Atert.