Passéierfluchsond

Vu Wikipedia
De lëtzebuergesche Begrëff fir dëst Lemma ass eng Kreatioun vun engem Wikipedia-Auteur. En ass senges Wëssens bis ewell soss néierens nogewise ginn. Wier dat dach de Fall, soll dës Schabloun ewechgemaach an d'Quell ugi ginn. Wann a Fachkreesser en aneren Numm existéiere géif, sollt den Artikel natierlech deementspriechend geännert ginn.
Grondsätzlech ass et net un der Wikipedia, Konzepter z'erfannen. Allerdéngs wier hei d'Alternativ gewiescht, datt et soss guer keen Artikel iwwer dëse Sujet géif.
D'Passéierfluchsond Voyager 2 an den Déifte vum Universum

Passéierfluchsond ass d'Bezeechnung vun enger Raumsond, déi bei engem oder ettlechen Himmelskierper, wéi z. B. engem Planéit, engem Mound oder Koméit laanschtflitt.

Bis elo si Passéierfluchsonden laanscht den Äerdmound (vill Missiounen), de Mars (Marsmissioune vun der Sowjetunioun, e puer Marinersonde vun den Amerikaner), d'Venus (e puer Venera-Sonden, Mariner 2 an 10), de Merkur (Mariner 10), de Jupiter (Pioneer 10 & 11, Voyager 1 & 2), de Saturn (Pioneer 11, Voyager 1 & 2) souwéi den Uranus (Voyager 2), an den Neptun (Voyager 2) geflunn. Laanscht de Koméit Halley ass d'Raumsond Giotto geflunn. Et gouf och nach vill aner Rendez-Vousen, déi hei awer net beschriwwe sinn.

Den 19. Januar 2006 war d'Raumsond New Horizons zum Zwergplanéit (134340) Pluto gestart, a soll de 14. Juli 2015 laanscht de Pluto fléien.

Déi berüümtst Passéierfluchsond ass de Voyager 2, déi noeneen d'Planéite Jupiter, Saturn, Uranus an Neptun ënnersicht an d'Planéite wéi och hir Mounden a Réng erfuerscht hat.

Passéierfluchsonden, déi laanscht en Himmelskierper fléien, sinn technesch an energeetesch méi gënschteg wéi Orbiter, déi an d'Ëmlafbunn vum Himmelskierper antrieden. Déi wëssenschaftlech Resultater sinn zwar méi kleng, well beim laanschtfleien nëmmen e puer Stonnen gefuerscht kënne ginn. Bei engem Orbiter kënne Fuerschungen awer Méint a Joren daueren. Ee weidert Konzept vu Raumsonden ass de Lander.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie