Passerelle Gaalgebierg Esch-Uelzecht

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
D'Passerelle am Februar 2011

D'Passerelle fir op de Gaalgebierg, zu Esch-Uelzecht ass eng Foussgängerbréck, fir vum Zentrum vun der Stad Esch, iwwer d'Eisebunnsschinnen ewech, op de Gaalgebierg ze kommen.

Se steet nieft der Gare Esch-Uelzecht, um Rond-Point de la Gare. Architekte waren de Büro Metaform mam Ingenieursbüro T6 Ney&Partners. Se ass aus Stol (iwwer 200 Tonne goufe verschafft) a besteet aus engem Trapenhaus mat Lift, an enger Bréck vun 110 m Längt an enger Héicht vun 21 Meter. Se ass bausse wäiss a bannen, an der iwwerdaachter Bréck, routbrong. Owes gëtt se beliicht.

D'Passerelle gouf de 24. November 2009 ageweit. Se huet 3,4 Milliounen Euro kascht[1].

Am Februar 2011 gouf si vun de Lieser vum Architektur-Website Archdaily.com zum Building of the Year 2010 an der Kategorie Public facilities gewielt[2].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Escher Passerelle Nr. 1." tageblatt.lu, 01. Mäerz 2011 10:38; Akt: 01.03.2011 11:08.
  2. Building of the Year 2010 Winners op archdaily.com