Patrick Muller
Patrick Muller | |
---|---|
![]() De Patrick Muller an der Glaciskapell 2024 | |
Gebuer |
25. November 1969 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun |
Athénée de Luxembourg, Universitéit vu Léiwen, Gregorianesch Peepstlech Universitéit |
Aktivitéit | Mathematiker, Theolog, Kathoulesche Priister |
![]() |
De Patrick Muller, gebuer de 25. November 1969 an der Stad, ass e lëtzebuergesche Mathematiker a Priister. Zënter dem 30. Juli 2019 ass hie Generalvikar am Äerzbistum Lëtzebuerg.
Karriär
[änneren | Quelltext änneren]Hien ass zu Péiteng an d'Primärschoul gaangen. No senger Première 1988 am Kolléisch, huet hien op der Université catholique de Louvain Mathematik studéiert a säi Studium 1992 mat enger Licence en mathématiques ofgeschloss.
1992 bis 1993 mécht hien e propädeutescht Joer am Priisterseminär. Duerno geet hien zeréck op Louvain a schléisst 1995 mat enger Licence en philosophie of.
Duerno geet hien op Roum a mécht 1998 op der peepstlecher Universitéit Gregoriana e Baccellierato canonico an der kathoulescher Theologie. Den 25. Abrëll 1998 gëtt hien zu Roum an der Kierch Sant’Ignazio vum Äerzbëschof Fernand Franck zum Diakon geweit. Uschléissend geet hien op Stroossbuerg fir 1999 op der Université Marc Bloch mat der Maîtrise en théologie catholique säi Studium ofzeschléissen.
Den 26. Juni 1999 gëtt hien an der Kathedral vum Bëschof Franck zur Priister geweit. De 04. Juli 1999 feiert hie Primiz a senger Heemechtspar Péiteng a gëtt Kaploun zu Jonglënster, wou hie bis 2002 bleift.
2002 gëtt hie Rektor vun der Glaciskapell a gläichzäiteg Aumônier an der Fondation Pescatore, vun de Kiermesleit a vum Ëmsiidlerchouer. 2003 gëtt hien och Aumônier vun der Studentesektioun vun der ALUC.
2010 war hien Oktavpriedeger zum Theema "Christus trei".
Zënter 2013 ass hien och Präses vum Priisterseminär.
Vun 1999 bis 2010 war hien - niewent sengem Engagement als Priister - Enseignant am Lycée technique de Bonnevoie, am Lycée Mathias-Adam zu Péiteng an am Lycée Aline-Mayrisch. Zënter 2010 ass hie Professer am Athénée a gëtt Coursen an der Mathematik, Relioun bis 2016 an och e puer Stonne VieSo.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- De Patrick Muller op cathol.lu