Patrick d'Udekem d'Acoz

Vu Wikipedia

De Grof Patrick d'Udekem d'Acoz gebuer zu Uccle den 18. Abrëll 1936 a gestuerwen de 24. September 2009 zu Ottignies war e belschen Offizéier a Politiker. Hie war de Papp vun der belscher Prinzessin Mathilde.

Hie war de jéngste Jong vum Baron Charles d'Udekem d'Acoz vu Proven a Westflandern an der Suzanne van Outyve d'Ydewalle. No engem Agronomiesstudium huet hei sech an der Provënz Lëtzebuerg installéiert, wou hien am Holzhandel aktiv war.

1971 huet hie sech mat der polnescher Gräfin Anna Maria Komorowska bestuet, der Duechter vum Grof Léon Komorowski, an der Prinzessin Sophia-Maria Sapieha-Kodenski.

D'Koppel hat fënnef Kanner. Ausser dem eelste Meedchen, der Prinzessin Mathilde, hate se nach d'Marie-Alix (1974-1997), d'Elisbeth (1977), d'Helène (1979) an de Charles-Henri (1985).

D'Famill d'Udekem d'Acoz wunnt zu Losange am wäisse Schlass.

Als Politiker war de Grof Buergermeeschter vu Villers-la-Bonne-Eau bis zur Gemengefusioun vun 1977, wéi Villers-la-Bonne-Eau bei d'Gemeng Baaschtnech koum. Duerno war hien zu Baaschtnech am Gemengerot a Conseiller provincial.

Als Offizéier hat hien den Titel Lieutenant-Colonel de réserve honoraire bei der Belscher Loftwaff, an hie war Juge consulaire um Handelsgeriicht zu Neufchâteau.

De Grof gouf um Kierfecht vu Lutrebois am Caveau vun der Famill bäigesat.