Patton-Bréck (Ettelbréck)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Bréck zu Ettelbréck. Fir aner Brécke mat deem Numm, kuckt wgl. Patton-Bréck.
Pont Patton
Patton-Bréck
Geographie
Land Lëtzebuerg
Plaz Ettelbréck
Koordinaten 49° 51’ 05.3’’ N
      06° 06’ 40.6’’ O
Funktioun
Benotzt als Stroossebréck / N7
Féiert iwwer CFL-Linn 1
Technesch Detailer
Totallängt 177 m
Breet 17 m
Material Stol
Bemierkungen
Ersetzt Bréck vun 1952
Opgaangen 2021

D'Patton-Bréck zu Ettelbréck ass eng Stroossebréck, déi d'Nationalstrooss 7 iwwer d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen an iwwer d'Sauer féiert. Si gouf nom US-amerikanesche Generol George S. Patton genannt, deen och op der Plaz nieft der Bréck um Square Patton geéiert gëtt.

Déi haiteg Bréck gouf de 26. Mäerz 2021 a Betrib geholl an ersetzt eng Bréck vun 1952, déi och Patton-Bréck genannt gouf, an direkt niewendru stoung, an déi gläich ofgerappt gouf, nodeems se net méi gebraucht gouf.[1]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi fréier Sauerbrécken[änneren | Quelltext änneren]

Schonn an der Antiquitéit goufen et beim haitegen Ettelbréck hëlze Brécken iwwer Sauer, Uelzecht a Waark, déi periodesch duerch Héichwaasser ewechgerappt goufen an dann erneiert hu misse ginn.[2] An der Réimerzäit gouf eng éischt stenge Bréck gebaut. 1631 gouf déi deemoleg Bréck aus Steng an Holz gefléckt. 20 Joer drop hunn d'Awunner missen 200 Foueren Hasteng liwweren, fir d'Bréck z'erneieren. Ëm d'Mëtt vum 18. Joerhonnert gouf alt nees eng neie stenge Bréck mat 5 Béi gebaut.

An der Ardennenoffensiv, am Wanter 1944-45, gouf d'Sauerbréck, wéi déi aner Brécken zu Ettelbréck, staark beschiedegt, zwéi Béi ware gesprengt ginn. 1946 gouf d'Bréck mat Eisendunne provisoresch gefléckt, an am September 1951 hunn d'Aarbechten un enger neier Bréck, e bësse méi flossof, ugefaangen.

Déi éischt Patton-Bréck (1952)[änneren | Quelltext änneren]

Dës nei Bréck gouf de 14. August 1952 a Betrib geholl.[2] Si war 100 m laang a 14 m breet. Si hat 5 Béi a war aus Bëtong, dee ronderëm d'Peiler an d'Béi mat Hasteng verkleet war. Dës Hasteng aus Sandsteen koumen aus 6 verschiddene Steekaulen (Gilsdref, Iernzen, Bettenduerf, Déiljen, Iechternach a Bollendorf) an haten doduerch verschidde Faarwen. Deen Deel iwwer de Schinne war 6,80 m héich a bestoung aus 8 stole Këschtendunnen.

Hiren Numm "Patton-Bréck" krut s'an den 1950er Joren[Wéini ?].

2001 gouf déi Bréck fir 3,7 Milliounen Euro sanéiert, woufir extra eng Baileys-Noutbréck huet misse fir d'Dauer vun den Aarbechten opgeriicht ginn.

An den 2010er Jore gouf däitlech, datt d'Bréck dem Verkéier, deen ëmmer méi grouss gouf, net méi gewuess war. Dofir gouf decidéiert[Wéini ?], d'Bréck duerch eng nei z'ersetzen.

D'Bréck vun 1952 gouf vun Abrëll bis Enn Mee 2021 ofgerappt, nodeems déi nei Bréck fir de Verkéier opgaange war.[3]

Déi zweet Patton-Bréck (2021)[änneren | Quelltext änneren]

Déi nei Patton Bréck ass am Ganzen 177 m laang a 17 m breet, woumat uewendrop Plaz ass fir 3 Fuerspueren (dovun eng fir Busser) an e Passage fir Foussgänger a Vëlosfuerer.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pont Patton (Ettelbruck) – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • Video iwwer d'Stolkonstruktioun vun der Bréck am Schantjen. Victor Buyck Steel Construction; op youtube.com.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Mise en service du nouveau pont Patton à Ettelbruck." Communiqué op travaux.pulic.lu, 2021-03-26.
  2. 2,0 2,1 Quell vun dësem Kapitel, wou net anescht uginn: Schmit-Thiering (2021) an der Literatur.
  3. "70 Jahre alte Sauerbrücke wird abgerissen." wort.lu, 13.04.2021.