Paul Bleser (Geolog)

Vu Wikipedia
Paul Bleser
Gebuer 15. Dezember 1905
Gestuerwen 27. Juni 1991
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Geolog

De Paul Marie Bleser, gebuer de 15. Dezember 1905 zu Beetebuerg a gestuerwen de 27. Juni 1991 zu Orselina, bei Locarno an der Schwäiz, war e lëtzebuergesche Geolog.

De Paul Bleser huet zu Zürich Geologie studéiert an do och säin Doktorat gemaach. Seng Thees mam Titel “Geologische Studien am Westende der Hohen Tauern östlich der Brennerlinie” ass 1934 publizéiert ginn.

Wéi de Michel Lucius am Abrëll 1935 ugefaangen huet, un enger neier geologescher Kaart vu Lëtzebuerg ze schaffen, huet de Paul Bleser wärend néng Méint beim Levé gehollef. Well awer deemools keng Aussiicht op eng geséchert Plaz als Geolog zu Lëtzebuerg war, huet de Bleser d'Land verlooss an en Engagement bei der Koninklijke Nederlandsche Petroleum Maatschappij dem hollänneschen Departement vun der Royal Dutch Shell, ugeholl a sech zu Den Haag niddergelooss.

Am Opdrag vun der Shell huet hien dono geologesch Prospektiounen a Kolumbien gemaach a sech och am Panama an am Ecuador ëmgekuckt.

Den 1. Oktober 1946 huet de Paul Bleser d'Schwäizerin Warda Bircher zu Orselina bestuet. Si war och Geologin an hat wéi de Paul Bleser zu Zürich Geologie studéiert an hire Studium mat engem Doktorat ofgeschloss. Si huet hire Mann op senge geologesche Prospektiounsreese begleet (Nei-Guinea, Java, Nigeria, Kanada, Kambodscha) an d'Fossilie vun de Buerkäre bestëmmt.

Publikatioun[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]