Paul Breisch
Paul Breisch | |
---|---|
Gebuer |
26. Januar 1974 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Organist |
Famill | |
Geschwëster | Martine Anne Breisch |
De Paul Breisch, gebuer de 26. Januar 1974 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergeschen Organist an Uergelprofesser.[1]
Zanter 2006 ass hien Titularorganist an der Kathedral an der Stad Lëtzebuerg, wou hien Nofollger vum verstuerwene Carlo Hommel gouf. Donieft enseignéiert hie säit 2003 Uergel a Gregorianik am Conservatoire vun Esch-Uelzecht. Hien ass Vizepresident vun den Amis de l'orgue - Luxembourg.
De Paul Breisch huet beim Carlo Hommel ugefaangen Uergel ze léieren an huet sech duerno am Conservatoire national supérieur de musique zu Paräis ageschriwwen an ënner anerem beim Olivier Latry a beim Thierry Escaich studéiert a 7 éischt Präisser gemaach. Bis zu senger Nominatioun als Doumorganist war hien ee vun den Organiste vun der berüümter Stahlhuth-Jann-Uergel zu Diddeleng.
De Paul Breisch ass de Brudder vun der Martine Anne Breisch.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Paul Breisch – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ portrait vum Paul Breisch op der Websäit vun der 'Maîtrise Sainte-Cécile de la Cathédrale Notre-Dame de Luxembourg' Archivéiert de(n) 2006-01-29. Gekuckt de(n) 2012-05-13.