Pol Cruchten

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Paul Cruchten)
Pol Cruchten
Gebuertsnumm Paul Henri Michel Cruchten
Gebuer 30. Juli 1963
Péiteng
Gestuerwen 3. Juli 2019
La Rochelle
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Filmregisseur, Filmproduzent, Dréibuchauteur

De Pol Cruchten, gebuer den 30. Juli 1963 zu Péiteng a gestuerwen den 3. Juli 2019 zu La Rochelle[1], war e lëtzebuergesche Filmproduzent, Dréibuchauteur a Filmregisseur.

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

De Pol Cruchten war ëmmer e begeeschterte Cinephile. 1978 huet hie gehollef de Ciné-Club des Jeunes de la Ville de Luxembourg ze grënnen. No sengem Studium op der École supérieure d'études cinématographiques zu Paräis an der Sektioun « réalisation » huet e fir verschidden Zeitungen a Radioen als Filmkorrespondent geschafft.

Vun 1990 un huet hien haaptsächlech fir Videopress geschafft, fir déi hien 1992 och de Film Hochzäitsnuecht gedréint huet. Dee Film gouf um Festival vu Cannes an der Sektioun Un certain regard gewisen. Am Januar 1993 krut de Film de Max-Ophüls-Präis.

Am Joer 2001 konnt de Pol Cruchten sech en Dram erfëllen. Hien huet de Film Boys on the Run an den USA mat dem Ron Perlman an enger Haaptroll gedréint.

2005 huet hie Perl oder Pica, eng Verfilmung vum Jhemp Hoscheit sengem Roman mam selwechten Numm realiséiert. De Film gouf vu ronn 17.767 Leit am Kino gesinn[2] an 2003 mam Publikumspräis beim 3. Lëtzebuerger Filmpräis ausgezeechent. E war 2007 déi lëtzebuergesch Propositioun fir eng Oscar-Nominatioun an der Kategorie "Beschten Internationale Film"]], gouf awer net nominéiert.[3]

Nieft de Fiktiounsfilmer huet de Pol Cruchten och Documentairen zu sozialen a politeschen Theme gemaach: Never Die Young ass en atypeschen Documentaire zum Theema Drogen, a Voices from Chernobyl beschäftegt sech mat der Atomkatastroph vun Tschernobyl, a baséiert um Buch vun der Literatur-Nobelpräisdréiesch Swjatlana Alexijewitsch. Och déi zwéi Filmer waren déi Lëtzebuerger Propositioune fir eng Oscar-Nominatioun fir d'Joren 2014, respektiv 2016, mä goufen net nominéiert.[4][5] Dofir krute si awer 2014 an 2018 de Präis fir de beschten Documentaire beim Lëtzebuerger Filmpräis.

Säi leschte Spillfilm als Regisseur war Justice Dot Net (2018).

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

als Regisseur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  • (en) De Pol Cruchten op der IMDb

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Filmemacher Pol Cruchten ist tot op wort.lu den 3. Juli 2019
  2. "Le top 100 des productions et coproductions luxembourgeroises." op cna.public.lu, 12-06-2018.
  3. automatentest.de: Kleine Geheimnisse (Perl oder Pica) (gekuckt de 25. November 2021)
  4. luxtimes.lu: Harrowing true story from Luxembourg is Oscar hopeful (28. August 2014)
  5. rtl.lu: "La Supplication" vertrëtt Lëtzebuerg bei den Oscaren (11. September 2016)