Paul Crutzen

Vu Wikipedia
Paul Crutzen
Gebuer 3. Dezember 1933
Amsterdam
Gestuerwen 28. Januar 2021
Sinaloa
Nationalitéit Holland
Educatioun Universitéit vu Stockholm
Aktivitéit Chimist, Ingenieur, Universitéitsprofesser, Meteorolog
Member vun Royal Society, Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Peepstlech Akademie vun de Wëssenschaften, National Academy of Sciences, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Academia Europaea, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, Accademia Nazionale dei Lincei, American Academy of Arts and Sciences, American Philosophical Society

De Paul Josef Crutzen, gebuer den 3. Dezember 1933 zu Amsterdam a gestuerwen den 28. Januar 2021[1], war en hollännesche Meteorolog an Nobelpräisdréier.

Hie war vun 1980 bis 2000 Direkter vum Max-Planck-Institut für Chemie zu Mainz a krut 1995 den Nobelpräis fir Chimie fir seng Aarbechten um Gebitt vun der Atmosphärechimie.[2] Hien huet de Begrëff "Anthropozän" erfonnt, mat där eis Äerdepoch beschriwwe gëtt, déi duerch gewalteg Agrëffer duerch de Mënsch gepräägt gëtt.[3] Och Berechnungen zum Nukleare Wanter ginn op hien zeréck.[4] An der lescht huet hien d'Mënschheet virdru gewarnt, datt eng Klimakatastroph ëmmer méi no kéim, a gefuerdert, datt a punkto Klimapolitik vill méi séier gehandelt misst ginn.[5]

Liewen, Fuerschung[änneren | Quelltext änneren]

De Crutzen huet 1968 a Schweden an Doktorat a Meteorologie gemaach, an och do op der Univesitéit Stockholm enseignéiert. 1973 huet hie sech um meteorologeschen Institut vun der Universitéit Stockholm (MISU) mam Theema On the photochemistry of ozone in the stratosphere and troposphere and pollution of the stratosphere by high-flying aircraft habilitéiert.

Säi Haaptfuerschungsgebitt war d'Chimie vun der Atmosphär.[6] Am bekanntste si seng Fuerschungen iwwer den Ofbau vum Ozon an der Stratosphär duerch Gase wéi den Distéckstoffmonoxid (N2O.[7]

Vun 1977 bis 1980 huet hien eng Sektioun vum National Center for Atmospheric Research zu Boulder, Colorado geleet. 1980 gouf e Wëssenschaftleche Member vum Max-Planck-Institut für Chemie zu Mainz an do Direkter vun der Sektioun Chimie vun der Atmosphär. Des Weideren huet hien op verschiddenen Universitéite Coursë gehalen.

An den 1980er Joren huet de Paul Crutzen weesentlech zu der Opklärung vun de physikaleschen a cheemesche Grondlage fir d'Entstoe vum Ozonlach bäigesroen. Dofir krut en 1995, zesumme mam Mario J. Molina a mam Frank S. Rowland[8] de Chimie-Nobelpräis.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • 1971: On some photochemical and meteorological factors determining the distribution of ozone in the stratosphere ; effects of contamination by NO[subscript x] emitted from aircraft. Institute of Meteorology, University of Stockholm, Stockholm 1971.
  • 1986: Globale Aspekte der atmosphärischen Chemie. Natürliche und anthropogene Einflüsse. Westdeutscher Verlag, Opladen 1986, ISBN 3-531-08347-3.
  • 1986: mit Jürgen Hahn: Schwarzer Himmel. Auswirkungen eines Atomkrieges auf Klima und globale Umwelt. (Kurzfassung des SCOPE-Berichts „Environmental Consequences of Nuclear War“) S. Fischer, Frankfurt am Main 1986, ISBN 3-10-013103-7.
  • 1989: Das Ende des blauen Planeten? Der Klimakollaps, Gefahren und Auswege. Hg. mit Michael Müller, Beck, München 1989, ISBN 3-406-331408.[9]
  • 1989: mit Christoph Brühl: Analyse und Bewertung der Modellsysteme zur Vorhersage von Veränderungen des Ozongehalts der Atmosphäre. In: Umweltforschungsplan des Bundesministers des Innern. 2 Bände. Max-Planck-Institut für Chemie, Abt. Luftchemie, Mainz 1989/1990.
  • 1995: mit Veerabhadran Ramanathan: Clouds, chemistry and climate. Springer, Berlin 1995, ISBN 3-540-60433-2.
  • 1996: Atmosphäre, Klima, Umwelt. 2. Auflage. Spektrum, Akademie Verlag, Heidelberg 1996, ISBN 3-8274-0122-4.
  • 1996: Hauptthema der Tagung. Physikalische Chemie der Atmosphäre. Deutsche Bunsen-Gesellschaft für Physikalische Chemie, Frankfurt am Main 1999.
  • 2011: Das Raumschiff Erde hat keinen Notausgang. Suhrkamp, Berlin 2011, ISBN 978-3-518-06176-3.
  • 2019: mit Michael Müller (Hrsg.): Das Anthropozän. Schlüsseltexte des Nobelpreisträgers für das neue Erdzeitalter. Oekom, München 2019, ISBN 978-3-96238-137-0.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Paul Crutzen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Curriculum Vitae op nobelprize.org.
  2. Biografie – Nobelpreis für Chemie in 1995 op der Websäit vum Max-Planck-Institut.
  3. Paul J. Crutzen und Eugene F. Stoermer: The “Anthropocene”. In: IGBP Global Change Newsletter. Nr. 41, Mee 2000, S. 17–18.
  4. Paul J. Crutzen., Birks J.: The atmosphere after a nuclear war: Twilight at noon. In: Ambio. 11, 1982, S. 114–25.
  5. "Anthropozän: Paul Crutzens epochales Vermächtnis." riffreporter.de 2021-01-29
  6. Ramanathan, V.; Crutzen, P.J.; Kiehl, J.T.; Rosenfeld, D. (2001). Aerosols, Climate, and the Hydrological Cycle. Science. 294 (5549): 2119–2124.
  7. Crutzen, P. J., 1970: The influence of nitrogen oxides on the atmospheric ozone content. Quart. J. Roy. Meteor. Soc. 96, 320–325.
  8. "Polar Ozone Depletion (Nobel Lecture)": Angewandte Chemie International Edition in English, Volume 35, Issue 16, September 6, 1996, Pages: 1778–1785, Prof. Dr. Mario J. Molina.
  9. Crutzen 1989 (Planet) – Vorwort von Hans-Jochen Vogel (SPD).