Paul Dangla

Vu Wikipedia
Paul Dangla
Gebuertsnumm Léopold Marie Dangla
Gebuer 16. Januar 1878
Laroque-Timbaut
Gestuerwen 18. Juni 1904
Magdeburg
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Vëlossportler

De Léopold-Marie Dangla, genannt Paul Dangla, gebuer de 16. Januar 1878 zu Laroque-Timbaut a gestuerwen zu Magdeburg den 18. Juni 1904 war ee vun de beschte franséische Pistecoureuren.

Jugend[änneren | Quelltext änneren]

Dem Paul säi Papp war Gendaarm mä huet déi Beschäftegung a puer Joer nom Paul senger Gebuert opginn an ass mat der Famill a seng Heemecht op Le Passage am Lot-et-Garonne zeréckgeplënnert, wou hie Bannpréiter gouf. Si hunn do op N° 7 Impasse de la Garonne gewunnt.

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

De Paul Dangla fiert seng éischt Course 1899 zu Paräis am Parc des Princes. Hien intresséiert sech fir den Demi-fond a ass direkt vun Ufank un ee vun deene ganz Gudden an där Spezialitéit.

De 16. August 1903 klappt hien am Parc des Princes all d'Rekorden ugefaange mat:

  • 30. km an 22’14’’1/5,
  • 40. km an 29’23’’4/5,
  • 50. km an 36’40’’4/5 (an der hallwer Stonn 40 km 800)
  • 60. km an 43’56‘’4/5
  • 70. km an 51’17’’1/5
  • 80. km an 58’42’’3/5 (an der Stonn 81 km 108)

Hien huet domat dem Däischte Thaddäus Robl säin ale Stonnerkord gebrach, mä säi sollt och net laang halen. Den Englänner Tommy Hall huet him säi Rekord kuerz duerno op 84 km 140 eropgeschrauft (allerdéngs hanner engem Hues).

Den Dangla gëtt sech awer net geschloen an den 18. Oktober 1903 fiert hie bei ganz niddregen Temperaturen erëm um Parc des Princes en neie Rekord vun 84 km 577. (och hanner engem Hues).

Den 18. Juni 1904 zu Magdeburg, hat hien de grousse Pech. Nodeem hie bal all Titelen am Demi-fond gesammelt hat, ass hie sou schlëmm gefall, datt en u senge schwéiere Blessen um Kapp an un de Been mat knapps 26 Joer verscheet ass.

Hie läit um Kierfecht vun Dolmayrac begruewen.